D'Italienerin huet sech bei den Damme mat enger Avance vun 0,01 Sekonne behaapt a bei den Häre war de Kanadier 0,08 Sekonne méi séier wéi den Zweeten.

Am Schi Alpin huet den James Crawford fir eng déck Iwwerraschung op der Streif zu Kitzbühel an Éisträich  gesuergt. De Kanadier war mat der Nummer 20 gestart an huet sech um Enn d'Victoire geséchert. Hie war 0,08 Sekonne méi séier wéi de Schwäizer Alexis Monney, dee mat der Nummer 4 schonn eng ganz staark Leeschtung gewisen hat. De Kanadier Cameron Alexander ass den Drëtte ginn op 0,22 Sekonnen.

De Marco Odermatt, deen e Freideg de Super G gewonnen hat, war um Samschdeg ouni Chance. Hien ass de 6. ginn op 0,55 Sekonnen.

Bei den Damme mécht de Weltcup de Weekend Statioun zu Garmisch-Partenkirchen an Däitschland. D'Federica Brignone huet de Krimi op der Kandahar fir sech entscheet. D'Italienerin huet sech an der Descente mat engem minimale Virsprong vun 0,01 Sekonne virun hirer Landsfra Sofia Goggia behaapt. Op déi drëtte Plaz ass d'Schwäizerin Corinne Suter gefuer. Si hat e Retard vun 0,19 Sekonnen.

Suerge mécht ee sech weiderhin ëm de Gesondheetszoustand vun der Tschechin Tereza Nova. No enger Chute am Training e Freideg läit si am kënschtleche Koma. Si gouf an der Klinick zu Murnau operéiert, fir e Gehierödeem ze reduzéieren.

Biathlon

An der zweetleschter Course virun der Biathlon-WM gouf et zu Antholz an Italien en Doublé fir Frankräich. D'Lou Jeanmonnot hat an der Poursuite no 10 Kilometer an engem Schéissfeeler eng Avance vu 24 Sekonnen op d'Julia Simon, déi ouni Feeler bliwwen ass. De Podium komplettéiert huet d'Franziska Preuß aus Däitschland. Si hat mat engem Feeler e Retard vun 53 Sekonnen op d'Gewënnerin.

Bei den Hären huet Frankräich (0 Feeler) d'Staffel gewonnen. Et ass déi véiert Victoire an der véierter Staffel an dëser Saison. D'Fransousen hate eng confortabel Avance vun 43 Sekonnen op d'Norweger (0 Feeler). Schweden huet och nach op de Podium gepackt, dat no engem Feeler an engem Retard vu 44 Sekonnen.