E Freidegmëtteg goufen d'Matcher am Tennis Davis Cup tëschent Lëtzebuerg a Litauen gezunn.

D‘FLT-Häre spillen de Weekend jo am Gymnase vun der Coque fir den Opstig an de Weltgrupp 1. Fir d‘éischt muss do d‘Lëtzebuerger Nummer 1 Chris Rodesch (ATP-282) géint d‘Litauesch Nummer 2 Edas Butvilas untrieden. De Butvilas ass als Nummer 247 an der Weltranglëscht allerdéngs 35 Plaze besser klasséiert wéi de Rodesch. Duerno ass et dann um Alex Knaff (ATP-718) géint d‘Nummer 1 aus Litauen Vilius Gaubas (ATP-179).
 
E Sonndeg sinn dann den Dubbel an nach emol zwee Eenzel programméiert. Bei der Ekipp vum Kapitän Gilles Muller ass virgesinn, datt den Duo Rodesch-Knaff géint d‘Koppel Vaitiekunas-Dersonas untrëtt.

Chris Rodesch: "Et gëtt e richtege Fight"

D'Lëtzebuerger Tennis-Davis-Cup-Ekipp huet déi historesch Méiglechkeet, an de Weltgrupp 1, déi héchst Divisioun am internationalen Ekippen-Tennis, opzesteigen.Och wann de Gymnase géint Litauen ausverkaaft ass, weess den FLT-Profi Chris Rodesch, datt et net einfach gëtt:
 
"Vum Ranking hier sinn d'Litauer virun eis. Mee ech menge vun der Spillstäerkt si mer zimmlech um selwechten Niveau. Ech si voll a ganz dovunner iwwerzeegt an ech mengen, et gëtt rëm e richtege Fight, wéi all Davis-Cup-Match. Mir hunn den Heemvirdeel. Mir wäerten do wierklech euphoresch erakommen, well mir hu säit laangem net méi doheem gespillt. An da musse mer Gas ginn. An da fir dat bescht hoffen. An herno kann een nëmme maachen, wat ee kontrolléiere kann. Dat heescht, jo, musse kucke wéi et leeft." 

Bei de Litauer war de Ricardas Berankis schonn eng Kéier d'Nummer 50 op der Welt. De Chris Rodesch huet mat der Plaz 282 am ATP-Ranking aktuell seng bescht Positioun an der Tennis-Weltranglëscht.

D'Davis-Cup-Partie Lëtzebuerg géint Litauen kënnt Dir och mat Lëtzebuerger Commentaire am Livestream op rtl.lu suivéieren.