D'Halleffinaliste bei den Damme sti fest

© Pressphoto (Archiv)
Dat si Mamer, Walfer, Péiteng an d'Gym. Bei den Hären huet Luerenzweiler Bartreng geklappt, Stroossen hat keng Problemer mat Dikrech.
Hären
Bei den Häre sti schonn dräi vun de véier Halleffinaliste fest: Stroossen, Bartreng a Luerenzweiler. Chancen op déi lescht Plaz hunn nach Fenteng, Dikrech an Iechternach.
Den amtéierende Champion Stroossen huet sech mat 3:1 beim Chev Dikrech duerchgesat. Bartreng huet sech 1:3 zu Luerenzweiler musse geschloe ginn a verléiert doduerch d'Tabelleféierung. Fenteng kritt duerch de Forfait vum Belair déi voll Punktzuel.
De spannendste Match gouf et zu Esch, wou Iechternach no 5 Sätz als Gewënner vum Terrain geet. Well de Match sou laang gedauert huet, ass den Dammematch mat Verspéidung ugepaff ginn.
Dammen
D'Halleffinaliste sti fest. Bei nach zwee ausstoende Matcher kënne Walfer, Mamer, Péiteng an d'Gym net méi vun den éischte véier Plaze verdrängt ginn.
Walfer hat beim 3:0 géint d'Gym Bouneweg keng Problemer, genee wéi Mamer mat Bartreng. Péiteng huet mam selwechte Resultat géint Stengefort dofir gesuergt, dass déi d'Gym net méi afänke kënnen.
De Match tëscht Esch an Iechternach gouf méi spéit ugepaff, well den Härematch iwwer fënnef Sätz goung.