An engem qualitativ schwaache Match geet de Standard als Gewënner ervir. Dikrech huet et ni gepackt, de Stater geféierlech ze ginn.

D’Ausgangssituatioun virum Match war kloer: Dikrech huet misse gewannen, dem Standard ass e Gläichspill duergaangen, fir am Titel-Playoff matzespillen. Fir dass gläichzäiteg d’Finall vun der Weltmeeschterschaft gelaf ass, hate vill Leit de Wee an d’Dikrecher Sportshal fonnt. No 60 Minutte goung de Standard mat 23:19 als Gewënner vum Terrain.

Et huet een et dem Standard ugemierkt, dass si d’Victoire méi wollten. Virun allem an den éischten 8 Minutten huet sech de Veräin aus der Haaptstad vill einfach Goler erausspille kënnen, well Dikrech net am Match war an de Standarder Golkipp Zuzo waarm geschoss huet. Et huet bis zur 16. Minutt gedauert, bis Dikrech nees op 2 Goler dru war.

De Standard huet et verpasst, sech mat méi Goler ofzesetzen, sou goung et mat 10:7 an d’Paus. Den niddrege Score no 30 Minutte louch virun allem un de schwaachen Ugrëffer an enger Rëtsch Parade vun de Golkipper op béide Säiten.

An der zweeter Hallschent war et dat selwecht Bild. Op béide Säite goufe vill kloer Golchancë verginn oder d’Golkipper haten d’Hand drun, firwat de Score am Verglach zu anere Match niddreg blouf. Doduerch huet Dikrech et ni gepackt, gläichzezéien, wat aus hirer Siicht néideg gewiescht wär, fir nach op déi sechst Plaz ze sprangen. Och d’WM-Erfarung vun den zwee Kapverdianer Gilson Correia a Bruno Fernandes aus de leschte Wochen hunn dem Chev net gehollef.

De Standard bleift deemno op der 6. Plaz a spillt am Titel-Playoff an hofft, déi aner Ekippen e bësse këddelen ze kënnen. Dikrech muss zesumme mat Rëmeleng am Playdown géint déi véier bescht Ekippen aus der Promotioun untrieden. Dat si sécher Péiteng, Leideleng a Réiden; déi véiert Plaz decidéiert sech tëscht Miersch an dem Museldall.