Giro d'Italia: 10. EtappFilippo Ganna wënnt souverän am Eenzelzäitfueren

Jeff Kettenmeyer
Sam Rickal
Déi 10. Etapp iwwer 42 Kilometer vu Viareggio op Massa war en Zäitfueren, dat um Enn en däitleche Gewënner hat. Donieft gëtt den Ecart un der Spëtzt méi kleng.
Géint de Filippo Ganna war kee Kraut gewuess
© LUCA BETTINI / AFP

Op der 10. Etapp vum Giro d‘Italia, engem "Contre la montre" iwwer 42 Kilometer, gouf et eng Victoire vum Filippo Ganna. Den Italieener konnt sech souverän viru sengem hollänneschen Teamkolleeg Thymen Arensman duerchsetzen an hat um Enn, nieft enger Avance vun enger Minutt a 54 Sekonnen, eng Moyenne vu 54,9 Kilometer an der Stonn opweises. Op déi drëtt Plaz koum de Remi Cavagna mat engem Retard vun enger Minutt an 59 Sekonnen.

De Jonas Vingegaard hat als 13. zwar ee Retard vun 3 Minutten, mee den Dän kënnt am General awer däitlech un de Leader Afonso Eulalio erun, dee knapp 5 Minutten op de Vainqueur verluer huet. Et sinn elo nach 27 Sekonnen Ecart tëscht Vingegaard an Eulalio.

E Mëttwoch huet de Peloton dann 195 hiwweleg Kilometer vu Porcari op Chiavari ze fueren.

Klassement vun der 10. Etapp

1. GANNA Filippo Netcompany INEOS Cycling Team 00:45:53

2. ARENSMAN Thymen Netcompany INEOS Cycling Team + 01:54

3. CAVAGNA Remi Groupama-FDJ United + 01:59

4. BAX Sjoerd Pinarello-Q36.5 Pro cycling Team + 02:04

5. GEE-WEST Derek Lidl-Trek + 02:16

6. WALSCHEID Max Lidl-Trek + 02:17

7. PRICE-PEJTERSEN Johan Alpecin-Premier Tech + 02:29

8. BJERG Mikkel UAE Team Emirates-XRG + 02:33

9. MILESI Lorenzo Movistar Team + 02:40

10. LARSEN Niklas Unibet Rose Rockets + 02:42

Generalklassement

1. EULALIO Afonso Bahrain Victorious 39:40:34

2. VINGEGAARD Jonas Team Visma|Lease a Bike + 00:27

3. ARENSMAN Thymen Netcompany INEOS Cycling Team + 01:57

4. GALL Felix Decathlon CMA CGM Team + 02:24

5. O'CONNOR Ben Team Jayco-AlUla + 02:48

6. HINDLEY Jai Red Bull-BORA-hansgrohe + 03:06

7. STORER Michael Tudor Pro Cycling Team + 03:28

8. GEE-WEST Derek Lidl-Trek + 03:34

9. PELLIZZARI Giulio Red Bull-BORA-hansgrohe + 03:36

10. BELOKI Markel EF Education-EasyPost + 04:16

Back to Top
CIM LOGO