Iwwer 100 Meter trëfft d'Sportlerin vum Joer op d'Indoor-Weltmeeschterin, d'Italieenerin Zaynab Dosso. Béid Sprinterinnen hu praktesch déi selwecht Beschtzäit op där Distanz - mat engem liichte Plus fir d'Patrizia Van der Weken, 11'00 géint 11'02. Déi 26 Joer al Lëtzebuerger Toppathletin ass jiddefalls staark motivéiert, well d'Kompetitioun no enger laanger intensiver Preparatiounsphas, mat ënner anerem Stagen an der Tierkei an a Südafrika, kombinéiert mat Trainingen doheem, erëm ufänkt.
D'Summer-Saison ass deemno zesumme mat hirem Trainer Arnaud Stark minutiéis virbereet ginn. D'lescht Joer war dës, bedéngt duerch Verletzungen, net esou gelaf, wéi een et sech hätt kéinten erwaarden, no enger fantastescher Indoor-Saison, mat zwou Bronzemedailen, jee eng op der EM an eng op der WM. Ëm sou méi kann ee gespaant sinn, ob et der aktuell beschter Lëtzebuerger Athletin geléngt, eng Zäit ënnert der magescher Grenz vun 11 Sekonnen ze lafen.
Hire Programm vu Kompetitiounen ass bis de 4. Juli gutt gefëllt mat Meetingen a Marokko, Schweden, Norwegen, Doha an an de Vereenegte Staaten. Duerch hir Performancë bedéngt, ass d'Sprinterin eng gefroten Athletin op de Golden League Meetingen. Lass geet et fir d'Patrizia Van der Weken e Mëttwoch ëm 16:15 Auer, d'Finall ass dann ëm 17:25 Auer.