
Et war well am Virfeld gewousst, datt déi 3. Etapp vun der Flèche du Sud 2026 wuel mat decisiv fir d'Schlussvictoire am General kéint ginn. Um Enn war se dat och. De Vainqueur vum General, de Matisse Van Kerckhove, hat zu Buerschent déi séierste Been, dat virum Arno Wallenborn an dem Mats Wenzel op der 2. respektiv. 3. Plaz.
Den 23 Joer jonke Wenzel steet bei der spuenescher pro-continental Ekipp Equipo Kern Pharma ënner Kontrakt, war bei der 75. Flèche du Sud awer an de Faarwen vun der Lëtzebuerger Nationalekipp am Asaz. Ëm sou méi frou war de Mats Wenzel, um Enn mat engem weidere Lëtzebuerger um Podium ze stoen.
"Ech mengen zu Buerschent hunn d'Been geschwat am leschte Bierg. Do war de Gewënner einfach méi staark. Ech si frou, dass den Arno an ech konnten um Podium stoen. Dat ass cool, zwee Lëtzebuerger um Podium. Ech weess net, ob et dat schonn oder wéini et dat fir d'lescht gouf. Ech mengen, mir kënnen do zefridde sinn."
Anescht wéi de Mats Wenzel, goung den Arno Wallenborn fir seng däitsch continental Ekipp Team Lotto Kern-Haus Outlet Montabaur un den Depart, wou nieft him mam Alexandre Kess an dem Mill Morang zwee weider Lëtzebuerger fueren. Den 23 Joer jonke Wallenborn huet mat senge staarke Prestatioune bewisen, datt hien d'Potenzial huet, fir bei besser klasséierten Ekippen ze fueren.
"Ech mengen dat ass d'Zil. Och schonn d'lescht Joer war et bëssen enttäuschend, fir net de Sprong ze maachen. Do hunn ech mech och Enn der Saison konnte beweisen. Ech hoffen, dass dat hei elo hëlleft fir d'nächst Joer. Mee ech hu bësse geléiert, am Vëlo ginn et ni Sécherheeten, soulaang näischt ënnerschriwwen ass. Dat heescht, d'Zil ass natierlech elo weider gutt ze fueren an da sech doduerch ze beweisen an dann, wa méiglech, e Profikontrakt fir d'nächst Joer ze ënnerschreiwen.