Déi 1. Hallschent vun der WM-Finall war virun allem vu Kampf gepräägt, mee duerno huet Dänemark seng Qualitéiten ausgespillt a verdéngt den Titel gewonnen.

Et war eng elektriséierend Atmosphär an der Osloer Arena, wou d’Majoritéit vun de Supporter fir Dänemark war. Et hate sech awer och vill Kroaten op de Wee an den Norde gemaach, fir hir Ekipp ze ënnerstëtzen, um Enn sollt hire Support awer net duergoen. Dänemark gewënnt 32:26 géint Kroatien a stellt mam véierten Titel hannerteneen en neie Rekord op.

Wéi ugespaant béid Ekippe waren, huet een um niddrege Score gemierkt: No 10 Minutte stoung et eréischt 4:1 fir d’Skandinavier. Mee duerno war d’Handbrems bei béiden Ekippe lass an et goung mat 16:12 fir d’Dänen an d’Paus. Dänemark hätt nach méi Goler markéiere kënnen, hat awer immens vill Pech mam Potto. Kroatien huet sech net ofrësele gelooss an hätt och e méi héije Score kënnen hunn, ass awer ze dacks um dänesche Golkipp Nielsen hänke bliwwen. An der 21. Minutt huet Kroatien säin Defense-Spezialist Marko Mamic duerch eng direkt Rout Kaart verluer, wat d’Kroate geschwächt huet.

Dänemark huet direkt am Ufank vun der zweeter Hallschent gutt Léisunge géint déi haart Defense vun de Kroate fonnt a konnt den Ecart bannent 6 Minutten op 7 Goler ausbauen. Domat ware souwuel de Public wéi och d’Ekipp op Temperatur. No 41 Minutte war Dänemark op 10 Goler ewech. Trotz dem héije Réckstand huet sech Kroatien net opginn, mee spéitstens ab der 50. Minutt war d’Mass gelies. Et war also net den erhofften Ofschloss vum Domagoj Duvnjak senger Karriär an der kroatescher Nationalekipp. No 20 Joer am Trikot vun Hrvatska geet dëst Kapitel op en Enn.

Déi 29. Häre-Weltmeeschterschaft huet mat Dänemark e verdéngte Gewënner, deen all seng Géigner dominéiert a just zwee Mol mat manner wéi 10 Goler gewonnen huet. Ausserdeem bauen d’Dänen hir Serie op 37 ongeschloe WM-Matcher aus. Fir Kroatien ass et déi bescht Placéierung bei enger Weltmeeschterschaft no Sëlwer 2009 am eegene Land a Bronze 2013 a Spuenien. D’Lëtzebuerger Nationalekipp kritt et deemno an der EM-Quali am Mee mam neie Vize-Weltmeeschter ze dinn.

An engem turbulente Match ëm Plaz 3 huet sech Frankräich in extremis 35:34 géint Portugal duerchgesat an domat d’Bronzemedail gewonnen. Fir Portugal ass et trotz den zwou Néierlagen an de leschte Matcher déi bescht Leeschtung bei enger Weltmeeschterschaft. Déi 30. Weltmeeschterschaft steet 2027 an Däitschland um Programm.