Lëtzebuerg huet am Tennis Davis Cup den Opstig an de Weltgrupp 1 mat enger 3:1-Victoire géint Litauen gepackt.

Nieft de Spiller Chris Rodesch an Alex Knaff, déi um Terrain fir deen Exploit gesuergt hunn, huet de Kapitän Gilles Muller mam Gilles Kremer e wichtege Mann a senger Ekipp, deen esouwuel mat senger Expertise als Spiller, wéi och als Trainer, zum Succès bäigedroen huet. An dobäi haten déi zwee, wéi se nach allebéid als Spiller aktiv waren, e Verhältnis, dat och emol méi ugespaant war, esou de Lëtzebuerger Davis-Cup-Kapitän Gilles Muller.

De Gilles Muller

"Et ass wouer, dass mer an der Vergaangenheet net ëmmer der selwechter Meenung waren. Mee ech wousst awer och, dass ganz oft déi Saachen, déi do virgefall sinn, et war eeben doduerch, dass de Gilles och immens kompetitiv war, an ech hunn einfach fonnt, dass hien och kéint mat där Attitüd, déi en huet, och haut nach souguer, dass en deene Jonke kéint weiderhëllefen. An ech muss soen, ech si wierklech enorm frou an ech bereien et 0,0, dass ech de Gilles erëm selektionéiert hunn. E fënnt sech domat of, dass en u sech Ersatzmann ass, jo, dass en och virun allem soll do sinn, fir deene Jonken ze hëllefen an esou. An e mécht dat wierklech mega gutt, also et bléid richteg op. An et ass effektiv fir mech eng grouss Hëllef. Also wann ech eleng sinn an ech zielen ëmmer deene Jonken dat nämmlecht, da soen déi och, wat hätt dee gären, wann dann de Gilles niewendrun ass an e seet, jo, effektiv, fréier war dat och sou, wéi mir et gemaach hunn. Da si schonn zwee Leit, déi et soen, esou dass et einfach eng riseg Hëllef ass, dass de Gilles dobäi ass."
 
An den nächsten Deeg, am Prinzip e Mëttwoch, gëtt dann ausgeloust, géint wien d'FLT-Formatioun am September am Weltgrupp 1 spillt. Eng méiglech Natioun ass Serbien. Ob de Rekord-Grand-Slam-Gewënner Novak Djokovic dann awer mat de Serbe géint Lëtzebuerg géif untrieden, steet nach op engem anere Blat.