Sëlwer a Bronze ware fir de Vincent Kriechmayr an den Alexis Monney.

De Franjo von Allmen aus der Schwäiz huet bei der Schi-WM zu Saalbach-Hinterglemm an Éisträich an der Descente net nëmmen den Titelverdeedeger Marco Odermatt op déi hënnescht Plaze verwisen. Den 23 Joer ale Speedspezialist huet sech direkt bei senger éischter WM den Titel an der Kinneksdisziplin geséchert.

De Schwäizer hat eng Avance vu 24 Honnertstel op den Éisträicher Vincent Kriechmayr an 31 Honnertstel op säi Landsmann Alexis Monney. Den Titelverdeedeger Marco Odermatt huet sech misse mat der 5. Plaz (+0,66 Sekonnen) zefridde ginn.