De Gréngewald wënnt enke Spëtzematch géint Sparta, Diddeleng klappt Conter

© Christophe Hochard
Dës Woch steet an der Enovos League vun den Dammen den drëtte Spilldag vum zweeten Tour vun der Qualifikatioun um Programm.
Um Samschdeg stounge sech de Leader Gréngewald Hueschtert an den Tabellenzweete Sparta Bartreng am Spëtzematch géintiwwer. Et sollt dann och en haart ëmkämpfte Match ginn, deen eréischt an der Schlussphas entscheet gouf. Obwuel d'Alexus Johnson (25 Punkten, 16 Rebounds) déi lescht 6 Minutte musst mat 5 Feeler op der Bänk nokucken, konnt de Gréngewald jubelen. Um Enn wënnt d'Lokalekipp 87:86. Bartreng hat kuerz viru Schluss d'Méiglechkeet, de Match ze gewannen. De Worf vum Nicole Torresani ass allerdéngs net eragaangen.
Entscheedend Aktioun vum Spëtzematch
Mat dëser Victoire bleift Hueschtert ongeschloen a séchert sech Heemvirdeel an der Halleffinall souwéi an enger méiglecher Finallserie.
Diddeleng spréngt op Plaz 4
Änlech spannend war de Match tëschent dem AB Conter an dem T71 Diddeleng. Hei konnte sech d'Gäscht no enger spannender Schlussphas mat 71:67 behaapten a setze sech domat an der Tabell nees op déi wichteg véiert Plaz. Net ze stoppe war déi 16 Joer jonk Nationalspillerin Isi Etute, si koum op 26 Punkten a 15 Rebounds.
D'Statistik vum Isi Etute géint Conter
Um Freideg hat sech d'Amicale Steesel mat 88:79 géint den Tabelleleschte Musel Pikes behaapt. Nodeems d'Lokalekipp sech am éischte Véierel ofsetze konnt, sinn d'Gäscht zeréck an de Match komm a louche kuerz viru Schluss a Féierung. Steesel huet de Match allerdéngs staark ofgeschloss a sech um Enn duerchgesat.
Mat 20 Punkten an 10 Rebounde konnt déi jonk Nationalspillerin Isa Hämäläinen iwwerzeegen, am Ganzen hu fënnef Spillerinne bei der Lokalekipp zweestelleg getraff.
Mat dëser Victoire bleift Steesel an enger gudder Positioun, fir d'Halleffinall ze erreechen, d'Musel Pikes stinn ofgeschloen op der leschter Plaz.
Insta
Um Donneschdeg hat sech de Basket Esch mat 81:76 zu Wolz duerchgesat, dobäi hunn d'Gäscht d'Partie mat engem staarke véierte Véierel gedréint. D'Lokalekipp hat sech am Ufank vum Match e Virsprong erausgespillt a louch nom éischte Véierel 29:16 a Féierung. Dësem Réckstand sinn d'Gäscht de ganze Match hannendru gelaf, am leschte Véierel huet Esch allerdéngs 29 Punkte markéiert an konnt um Enn jubelen. Den entscheedende Worf huet d'Tatsiana Likhtarovich 16 Sekonne viru Schluss per Dräier getraff an d'Gäscht 79:76 a Féierung bruecht. D'Profispillerin huet mat 26 Punkten och am beschte getraff an dësem Match.
Mat dëser Victoire huet Esch de Réckstand op Wolz an der Tabell op ee Punkt verkierzt, béid Ekippe wäerten déi nächst Wochen drëms kämpfen, fir an der Enovos League ze bleiwen.