Weltmeeschterschaft am Schi-Alpin
Matthieu Osch am Riseslalom an der zweeter Manche op 49. Plaz

© Matthieu Osch (Archive)
Op der WM am Schi-Alpin zu Saalbach-Hinterglemm an Éisträich huet de Matthieu Osch et am Riseslalom als 60. knapp an déi zweete Manche gepackt.
De Lëtzebuerger ass um Freideg am Nomëtten op déi 49. Plaz komm.
De Weltmeeschtertitel konnt sech de Raphael Haaser aus der Éisträich sécheren, dee sech virum Schwäizer Duo Thomas Tumler a Loic Mellard duerchsetze konnt.
De Super-G-Weltmeeschter Marco Odermatt huet sech e bëssen iwwerraschend mat der 4. Plaz missen zefridde ginn.
Am meeschte gelies