Kuss-Skandal bei Dammefuttball-WMLuis Rubiales wéinst sexuellem Iwwergrëff schëlleg gesprach

RTL Lëtzebuerg
De fréiere President vum spuenesche Futtballverband gouf nom Virfall bei der Finall vun der Dammefuttball-WM 2023 zu enger Geldstrof verurteelt.
© SID/OSCAR DEL POZO

Wéi de spueneschen Nationale Geriichtshaff matgedeelt huet, muss hien eng Strof vun 10.800 Euro bezuelen. De Rubiales hat no der Finall vun der Dammefuttball-WM 2023, déi Spuenien gewonnen hat, d’Kapitänin Jennifer Hermoso ouni hiert Averständnes op de Mond gekusst. Hien huet rezent widderhuelt behaapt, d’Nationalspillerin hätt hiren Accord ginn. Vum Parquet war eng Prisongsstrof vun zwee an engem hallwe Joer gefuerdert ginn.

(11.02.25) “Hatt huet ‘okay’ gesot": Luis Rubiales rechtfäerdegt Skandal-Kuss

Back to Top
CIM LOGO