Déifferdeng an Diddeleng wannen, Remis tëscht der Jeunesse an Hesper

Vill Goler kruten d'Supporter e Sonndeg bei der Suite vum 18. Spilldag an der ieweschter Divisioun vum nationale Futtball-Championnat ze gesinn.
Fir den Tabelleleader Déifferdeng gouf et e Sonndeg eng souverän 3:0-Victoire géint Munneref. D'Goler hunn de Franzoni (27') an de Mendy (46' an 55'/Elefmeter) geschoss.
Den Tabellenzweeten Diddeleng ass e Sonndeg mat 3:1 op Rodange wanne gaangen. De Mann vum Match war den Hadji. Nodeems d'Gäscht no 20 Minutten a Réckstand gerode waren, huet den Hadji mat direkt dräi Goler fir d'Victoire vum F91 gesuergt.
D'Jeunesse an Hesper hu sech an engem spannende Match mat engem 3:3-Remis getrennt. Hesper konnt schonn an der 7. Minutt duerch de Correia a Féierung goen. Ma d'Féierung sollt nëmmen e puer Sekonnen halen, well d'Jeunesse duerch de Soares ausgeglach huet. An der 20. Minutt huet de Jungling dunn déi Escher a Féierung bruecht. Kuerz virun der Paus konnt de Swift duerch den David op 2:2 ausgläichen. Laang huet et duerno ausgesinn, wéi wann et beim 2:2 géing bleiwen. Ma an der Schlussphas sollt et nach emol hektesch ginn. No engem Corner konnt de Garos mam Kapp op 3:2 fir d'Jeunesse setzen. Dat sollt et awer nach net gewiescht sinn. Hesper konnt nach emol reagéieren. No engem Corner war et de Gboho, deen de Ball iwwer d'Linn gedréckt huet an esou fir de Remis gesuergt huet.
Nidderkuer ass net iwwer een 0:0-Remis zu Rouspert erauskomm.
Wolz hat beim 4:1 keng Probleemer mam Zweetleschten an der Tabell, der Fola. Bei der Lokalekipp hunn den Hemkemeier an de Romeyns zweemol getraff. De Kaliki hat kuerz viru Schluss nach den éiere Gol fir d'Fola geschoss.
Keng Punkte gouf et och fir den Tabelleleschte Monnerech. Mat 2:4 huet ee sech misste géint Hueschtert geschloe ginn. Fir déi Monnerecher hat de Match nach gutt ugefaangen. No Goler vu Swistek an Danhach louch ee mat 2:0 a Féierung. Kuerz virun der Paus huet dunn awer den Touré duerch e Selbstgol fir d'Gäscht verkierzt. No der Paus konnt Hueschtert de Match du komplett dréinen. Duerch Goler vun Alverdi, Tibor a Fernandes stoung et um Enn 4:2.
An am leschte Match vum Spilldag huet den Opsteiger Beetebuerg mat 1:2 géint Péiteng de Kierzere gezunn. Beetebuerg steet den Ament op der Relegatiounsplaz.
E Samschdeg hat scho Stroossen um Verluerekascht gewonnen.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Monnerech - Hueschtert 2:4
1:0 Swistek (10'), 2:0 Danhach (37'), 2:1 Touré (43', Selbstgol), 2:2 Alverdi (60'), 2:3 Tibor (74'), 2:4 Fernandes (77')
Jeunesse - Hesper 3:3
0:1 Correia (7'), 1:1 Soares (8'), 2:1 Jungling (20'), 2:2 David (43'), 3:2 Garos (87'), 3:3 Gboho (89')
Rodange - Diddeleng 1:3
1:0 Atieda (21'), 1:1 Hadji (36'), 1:2 Hadji (62'), 1:3 Hadji (64')
Wolz - Fola 4:1
1:0 Romeyns (42'), 2:0 Hemkemeier (49'), 3:0 Hemkemeier (67'), Romeyns (79'), 4:1 Kaliki (88')
Rouspert - Nidderkuer 0:0
Déifferdeng - Munneref 3:0
1:0 Franzoni (27'), 2:0 Mendy (46'), 3:0 Mendy (55',Eelefmeter)
Beetebuerg - Péiteng 1:3
1:0 Mendes Da Silva (55'), 1:1 Kamavuaka (63'), 1:2 Ferreira Figueiredo (73'), 1:3 Faulds (81')