Lëtzebuerg kritt et an der WM-Qualifikatioun mat Nordirland, der Slowakei an Däitschland oder Italien ze dinn.

Zanter e Mëttwoch, dem 5. Mäerz 10 Auer u kann een Ticketen, déi et just am Abo gëtt, fir d'Qualifikatiounsmatcher fir d'Weltmeeschterschaft 2026 vun de roude Léiwe kafen.

An der Kategorie 1 kascht den Abo fir Erwuessener 150 Euro a fir Jonker ënner 14 Joer 75 Euro. An der Kategorie 2 läit de Präis bei 75 Euro respektiv 37,50 Euro.

Et kënne maximal véier Aboe pro Email-Adress kaaft ginn.

D'Tickete ginn et iwwer d'Billetterie um Internetsite vun der Lëtzebuerger Futtball-Federatioun.

Wéini ginn d'Matcher gespillt?

4. September 2025 um 20.45 Auer: Lëtzebuerg - Nordirland
7. September 2025 um 20.45 Auer: Lëtzebuerg - Slowakei
14. November 2025 um 20.45 Auer: Lëtzebuerg - Däitschland/Italien