Eng 1500 Athleten aus 100 Delegatioune si vum 8. bis de 16. Mäerz zu Turin an Italien am Asaz.

E Freideg war fir déi Lëtzebuerger Delegatioun vun de Special Olympics den Depart an Direktioun Mailand a vun do goung et mam Bus op Turin fir d’Special Olympics World Winter Games 2025.

11 Athleten aus dem Grand-Duché sinn an 3 Disziplinnen am Asaz. Si gi betreit vu 6 Traineren.

Eng RT-Ekipp war op ee vun hiren leschten Trainingen an huet e Freideg de Moien um Fluchhafen de Bols gefillt.