Lescht Preparative fir d'Patrizia van der Weken bei der Liichtathletik-Indoor-EM
Zesumme mat hirem Trainer, techneschen Direkter a Kiné ass d'Lëtzebuergerin an Holland, fir sech do op déi wichteg Course ze preparéieren.
Trainéiert gëtt zu Papendal am hollänneschen Olympesche Stëtzpunkt, eng modern an héichwäerteg Infrastruktur. Den Trainingsprogramm ass un d'Kompetitioun vum Sonndeg ugepasst.
D'Sportlerin vum Joer ass dëst Joer nach ongeschloen a gehéiert deemno zum enke Favorittekrees an deem ass sech d'Lëtzebuergerin bewosst. Déi lescht Woche stoungen am Zeeche vun der Preparatioun. Mat ville séiere Courssen a ville Victoiren huet d'Patrizia van der Weken sech bei de Favoritinnen etabléiert. Déi lescht Deeg konnt deemno net méi vill un der Form geféilt ginn.
Mat de Serien, der Halleffinall an der Finall heescht et e Sonndeg dräi Kompetitiounen an engem Dag ze geréieren.
D'Patrizia van der Weken leeft hir Courssen e Sonndeg. Um 12 Auer ginn d'Serien iwwer 60 Meter gelaf, d'Halleffinalle si vu 16.05 Auer un ugesat. D'Finall ass fir 18.37 Auer geplangt. Vu 16 Auer u si mir dann och op RTL am Livestream mat dobäi.
Hei fannt Dir de geneeën Zäitplang vun der Indoor-EM.