Am éischte Match vun der Pre-Qualifikatioun fir d'EM 2026 hu sech d'Rout Léiwinne mat 33:23 musse geschloe ginn. E Sonndeg gëtt nach géint Zypern gespillt.

Fir d'FLH-Selektioun stinn dëse Weekend zwee Matcher bei engem Pre-Qualifikatiounsturnéier fir d'EM 2026 op Zypern um Programm. Den éischte Match géint d'Belsch goung mat 33:23 däitlech verluer. D'Rout Léiwinne mussen also weider op déi éischt Victoire zënter dem Erfolleg géint Finnland am Juni 2019 waarden.

Den Nationaltrainer Michel Scheuren muss fir dës Matcher och op wichteg Spillerinne verzichten (ë.a. Joy Wirtz, Kim Wirtz, Sophie Elcheroth, Jenny Zuk), wéinst der Aarbecht oder der Schoul. Doduerch huet seng Ekipp en Duerchschnëttsalter vun 22,33 Joer. Trotzdeem hat ee sech géint d'Belsch e bessert Resultat erhofft.

Et war net den erhoffte Matchverlaf, dee sech d'Lëtzebuergerinnen erhofft haten. D'Belsch hu fréi fir den néidegen Ecart gesuergt (11:5 no 15 Minutten), woumat et fir d'Rout Léiwinne schwéier war, nach eng Kéier erunzekommen. D'Belsch huet virun allem vun de villen technesche Feeler an de Feelschëss vun de Lëtzebuergerinne profitéiert. D'FLH-Dammen hunn et virun allem mat Eenzelaktioune probéiert an d'Aussespiller wéi och de Pivot vernoléissegt.

Nodeems et an der Paus 17:10 fir d'Belsch stoung, war déi jonk Lëtzebuerger Ekipp engagéiert an déi zweet Hallschent gestart, huet awer séier Léiergeld musse bezuelen. An der 43. Minutt konnten d'Belsch eng éischt Kéier op 10 Goler dervunzéien, dësen Ecart sollte si bis zum Schluss halen. Trotzdeem konnten d'Lëtzebuergerinnen déi zweet Hallschent ausgeglach gestalten an hunn déi zweet Hallschent 13:16 verluer. D'Ekipp ronderëm d'Kapitänin Tina Welter huet awer net opginn an et weider probéiert, mee technesch Feeler hu weider d'Lëtzebuerger Spill gepräägt. D'Dea Dautaj war mat 5 Goler bescht Scorerin fir d'Rout Léiwinnen.

D'Belsch steet domat als Gruppegewënner fest a spillt am nächsten Tour vun der EM-Qualifikatioun. E Sonndeg spillen d'FLH-Dammen nach géint den Organisateur Zypern. E Géigner, deen zimmlech onbekannt ass, deen awer e Freideg géint d'Belsch just op 3 Goler (18:21) verluer huet. Dëse Match kënnt Dir ab 18.00 Auer nees op RTL.lu suivéieren.