Bei den Damme gouf e Slalom a Schweden gefuer. D'Victoire goung un d'Katharina Truppe. D'Mikaela Shiffrin huet dobäi e weidere Rekord opgestallt.

Bei den Hären huet sech am zweetleschte Super-G vun der Saison den Italieener Dominik Paris duerchgesat. Zu Kvitfjell a Norwegen hat de Paris eng Avance vun 38 Honnertstel op den James Crawford aus Kanada. De Podium gouf vum Miha Hrobat komplettéiert. De Sloween hat e Retard vu 47 Honnertstel.

Bei den Dammen huet d'Katharina Truppe aus Éisträich hiren 1. Weltcup-Erfolleg beim Slalom zu Are a Schweden gefeiert. Och op déi 2. Plaz koum eng Éisträicherin. D'Katharina Liensberger hat e ganz klenge Réckstand vu 5 Honnertstel op d'Gewënnerin. D'Mikaela Shiffrin koum mat engem Retard vun 19 Honnertstel op déi 3. Plaz. Et war déi 156. Kéier datt d'Amerikanerin op de Podium bei engem Weltcup gefuer ass. Domadder huet d'Shiffrin den Ingemar Stenmark iwwerholl, deen a senger Karriär 155 Mol op de Podium komm war.

Am Biathlon huet Frankräich bei den Hären och déi 5. Course an der Staffel gewonnen. Zu Nove Mesto hu sech d'Fransouse souverän virun Norwegen an der Ukrain duerchgesat.

Bei den Dammen huet sech Frankräich och déi 1. Plaz gekroopt. Ronn 25 Sekonne méi spéit sinn d'Norwegerinnen iwwer d'Arrivée gelaf. De Podium gouf vun den däitschen Damme komplettéiert. Si haten e Réckstand vun iwwer 47 Sekonnen.

Bei der WM am Laanglaf gouf um Sonndeg fir d'éischte Kéier e Massestart iwwer 50 Kilometer gefuer. Ganz uewen um Podium stoung bei der Première d'Schwedin Frida Karlsson. D'Heidi Weng an d'Therese Johaug aus Norwegen koume mat engem Retard vun 2,1 an 2,9 Sekonnen op d'Plazen zwee an dräi.