D'Spiller vun de klenge Länner 2025 zu Andorra an déi olympesch Wanterspiller zu Mailand 2026 sinn déi nächst grouss Evenementer op internationalem Niveau.

Dass d'Lëtzebuerger Athletinnen an Athleten a verschiddenen Disziplinnen excellent Resultater realiséieren, dat huet d'Patrizia van der Weken de leschte Weekend bei der Indoor-Europameeschterschaft an der Liichtathletik mat der drëtter Plaz iwwer 60 Meter nach eemol ënnerstrach. D'Athletin aus dem COSL-Elite-Kader huet als nächst d'Indoor-Weltmeeschterschaft zu Nanjing a China am Viséier. 
 
D'Zesummenaarbecht tëscht COSL an RTL huet och iwwer déi nächst Joren den Usproch, grouss sportlech Leeschtunge vu Lëtzebuerger Sportlerinnen a Sportler beschtméiglechst ze couvréieren.