De Gerson Rodrigues war 2020 den éischte Roude Léiw, deen an der Champions League gespillt huet.

No sengem Wiessel vu Mainz 05 bei Benfica Lissabon ass de Leandro Barreiro de véierte Lëtzebuerger Nationalspiller, deen an der Kinneksklass gespillt huet. Dobäi ass hien allerdéngs den éischten, deen et an d'KO-Phas gepackt huet. An der Aachtelsfinall goung et nach emol géint de groussen FC Barcelona. No engem bëssi onglécklechen 0:1 am Heemmatch stoungen se am Olympiastadion um Montjuïc mam Réck zur Mauer.

Beim Match viru 40.000 Zuschauer souz de 25 Joer ale Lëtzebuerger ufanks op der Bänk an huet missten nokucken, wéi de grad emol 17Joer jonke Lamine Yamal een éischte Gol spektakulär virbereet an den 2:1 no enger Eenzelaktioun wonnerschéin a de Wénkel gezierkelt huet. Wéi de Leandro Barreiro an der 70. Minutt agewiesselt gouf, war de Match beim 3:1 eigentlech entscheet a Benfica Lissabon eliminéiert. Fir de sympathesche Profi waren déi Matcher op héchstem Niveau trotzdeem eppes ganz Besonnesches.

De Resumé vum Match Barcelona géint Benfica

Dem Leandro Barreiro seng Analys vum Match