FIS suspendéiert norweegesche Weltmeeschter Lindvik a Forfang

Wéinst de manipuléierte Kostümer bei der norweegescher Schisprang-Ekipp huet déi International Schifederatioun elo zwee Sprénger suspendéiert.
Nieft dem zweefache Schisprong-Weltmeeschter Marius Lindvik a sengem Teamkolleeg Johann André Forfang goufen och dräi vun den norwegeschen Offizielle vun der Ekipp suspendéiert. Dat huet d'FIS en Dag virum Weltcupsprangen zu Oslo matgedeelt.
Wat ass geschitt?
Déi norwegesch Schisprangekipp huet bei der WM zu Trondheim bewosst gefuddelt, dat huet hire Sportdirekter Jan Erik Aalbu e Sonndeg zouginn. Et hat een extra fir dëst Sprangen an dat ouni mat de Sprénger ofzeschwätzen, d'Kostümer vun de Sprénger virum Sprangen op der grousser Schanz manipuléiert.
"Mir hu Verännerungen un de Kostümer gemaach mam Wëssen, datt dëst net legal ass. Esou wéi ech et gesinn, hu mer gefuddelt", sot den Aalbu op enger Pressekonferenz am Hotel vun der Ekipp. D'Service-Ekipp vun den Norweeger hat verstäerkt Néit an d'Kostümer vum Marius Laindvik an dem Johann Andre Forfang agebitzt. Doduerch huet een d'Kostümer méi steif gemaach, fir datt Fäegkeet, ze fléien, verbessert gëtt.
Dat ganzt Virgoe gouf gefilmt an dëst Videomaterial ass un d'Ëffentlechkeet komm. Am Film ze gesi war och de Magnus Brevig, de Cheftrainer vun den Norweeger. Dräi Natiounen haten op Grond vum Video Protest géint de Start vun der norweegescher Ekipp ageluecht. Hire Sportdirekter hat awer ëmmer nees betount, datt just d'Kostümer vun hiren zwee Toppsprénger manipuléiert goufen, all déi aner Sportler wiere mat den normale Kostümer ugetrueden. Och sot den Aalbu, datt hien am Virfeld vum Sprangen zu Trondheim näischt vun dëser Aktioun wosst. Zwar hätt hien de Video och gesinn, et wier him awer gesot ginn, datt een d'Kostümer fir den nächsten Event géif preparéieren. Hie wier och keen Expert dran an hätt net erkannt, datt hei manipuléiert gi wier.
Nom Sprangen e Sonndeg waren dräi Norweeger disqualifizéiert ginn, dorënner och de Lindvik, deen op déi zweet Plaz op der grousser Schanz koum. Op der normaler Schanz hat hie Gold geholl. Elo goufen hien an och de Forfang emol virleefeg vun der FIS suspendéiert.