Donieft trëfft Diddeleng op Käerjeng. Bei den Dammen hat Diddeleng Lousgléck an huet mam Museldall wuel dat liichtst Lous.

An der Paus vum Lännermatch Lëtzebuerg géint d'Belsch hunn de Chamberpresident Claude Wiseler an de Sportminister Georges Mischo d'Halleffinallen an der Coupe de Luxembourg gezunn.

Am Final4, dee vum 24. bis de 27. Abrëll an der Coque gespillt gëtt, treffe bei den Hären Diddeleng a Käerjeng wéi Bierchem an Déifferdeng openeen. Virun allem de Match tëscht dem aktuelle Champion an dem Coupegewënner vun 2023 wäert et a sech hunn.

Bei den Damme krut Diddeleng mam Museldall um Pabeier wuel dat liichtst Lous; mee och dëse Match muss fir d'éischt gespillt ginn. De Géigner an der Finall gëtt tëscht Käerjeng an Dikrech decidéiert.

D'Resultater vun der Coupe am Handball