Dortmund klappt Lille, Real Madrid wënnt am Eelefmeterschéissen

© Photo by JAVIER SORIANO / AFP
E Mëttwoch den Owend sinn déi lescht Aachtelsfinalle vun der Champions League.
Ugefaange mat der Partei Lille-Dortmund, déi schonn um 18.45 Auer ugepaff gouf. Dortmund war iwwer ganz wäit Strecken déi dominant Ekipp, ma Lille konnt ganz fréi vun engem Feeler vum Kobel am Gol profitéieren an a Féierung goen. Trotz sëllege Chancen huet et en Eelefmeter gebraucht, fir datt Dortmund den Ausgläich, op dee se sou laang higeschafft hunn, markéiert. Dono war de Knuet geplatzt an de Beier konnt kuerz drop op 2:1 erhéijen. Bei deem Resultat sollt et dann och bleiwen.
Et huet keng Minutt gedauert, bis Atlético am Madrid-Duell de Réckstand vun engem Gol aus der éischter Partie opgeholl hat. Et sollt iwwer déi 90 Minutte verdeelt den eenzege Gol bleiwen, esou datt dëse Match an d'Verlängerung sollt an dono esouguer an d'Eelefmeterschéisse sollt goen. Do huet de VAR an d'Lat de Match fir Real gedréint, esou datt si sech fir d'Véierelsfinalle qualifizéiere konnten.
Arsenal stoung nom 7:1 aus dem Aller scho quasi an der Véierelsfinall a war och am Heemmatch géint Eindhoven fréi a Féierung gaangen. Ma d'Hollänner wollte sech net opginn a sinn nom 1:0 an nom 2:1 ëmmer nees zeréckkomm, esou datt dës Partie mat engem 2:2 op en Enn gaangen ass.
Bruges hat doheem 1:3 géint Aston Villa verluer an no 17 Minutte gouf d'Missioun, fir weiderzekommen, nach méi schwéier. Well de Sabbe gouf do vum Arbitter an d'Dusch geschéckt. Aston Villa huet awer eréischt an der 50. Minutt vum Mann méi konnte profitéieren, fir an dëser Partie a Féierung ze goen. Et sollt awer net de leschte Gol an der Partie bleiwen, well d'Englänner konnten hiren Avantage weider bis op 3:0 ausbauen.
Weider Detailer zu de Matcher
Atlético Madrid - Real Madrid 2:4 am Eelefmeterschéissen
1:0 Callagher (1')
E Ballgewënn, séier ëmschalten an et rabbelt. Et huet knapp 30 Sekonne gedauert, bis Atlético de Réckstand vun engem Gol aus dem Retourmatch opgeholl hat. D'Flank vum De Paul gouf als éischt duerchgelooss, éier de Callagher an der Mëtt méi séier geschalt huet an de Pall aus kuerzer Distanz iwwer d'Linn gedréckt huet.
Wien op eng séier Reaktioun vu Real gewett huet, ass enttäuscht ginn. Déi Kinneklech haten zwar an der éischter Hallschent kloer méi de Ball, ma geféierlech virum Gol war awer éischter d'Heemekipp. Eppes Brauchbares sollt dobäi awer net eraussprangen, esou datt et mat engem 1:0 fir den Atlético an d'Paus goung.
Nom Säitewiessel huet Real den Drock erhéicht an esou och dem Atlético d'Méiglechkeet ginn, fir op Konter ze spillen. E bëssen ironesch ass et da bal, datt Real no engem séiere Konter zu der beschter Chance koum: Den Mbappé gouf am Strofraum gefoult an den Arbitter huet direkt op de Punkt gewisen. De Vinicius Junior huet sech de Ball dohigeluecht, ma säi Schoss war ze onprezis a war däitlech iwwert de Gol gaangen. Real huet awer no dëser Situatioun méi an de Match fonnt a war dunn och méi geféierlech virum Gol vum Atlético. Ma och d'Heemekipp koum zu hire Chancen, e Gol sollt an der regulärer Spillzäit awer net méi falen.
Änlecht Bild an der Verlängerung: Et gouf probéiert, fir ze treffen, mä entweder war den Ofschloss net präzis genuch oder an de meeschte Fäll ass déi lescht Pass net ukomm. Am zweeten Deel vun der Verlängerung war dunn d'Loft e bëssen eraus a vill ass vir net méi geschitt. Wéi et sech fir e spannenden Derby gehéiert, huet d'Decisioun am Eelefmeterschéisse misste falen.
Direkt déi éischt véier Eelefmeter ware eran, hat ee gemengt. Ma dem Alvarez säin, also den zweete fir Atletico, gouf vum VAR zeréckgeholl. De Spiller hat de Ball mam Standbeen beréiert, éier hie mam anere Fouss geschoss huet. Well et zwou Touche waren, huet den Arbitter de Gol zeréckgeholl. De Real hat also elo d'Kaarten all an der Hand, ma de Oblak am Gol vum Atlético huet seng Ekipp zeréckbruecht, wéi hien de véierte vum Real, geschoss vum Vazquez, hale konnt. Ma och de Llorente huet säin op d'Lat gesat an Real nees an déi gutt Positioun bruecht huet. De Rüdiger ass fir de fënnefte Schoss vum Real ugetrueden. De Penalty war net gutt geschoss, den Oblak war drun, ma de Ball ass him awer nach duerchgerutscht. Esou steet de Real nom Eelefmeterschéissen an de Véierelsfinallen.
Aston Villa - FC Bruges 3:0
1:0 Asensio (50'), 2:0 Maatsen (57'), 3:0 Asencio (61')
FC Arsenal - PSV Eindhoven 2:2
1:0 Zinchenko (6'), 1:1 Perisic (18'), 2:1 Rice (37'), 2:2 Driouech (70')
OSC Lille - Borussia Dortmund 1:2
1:0 David (5'), 1:1 Can (54',p), 1:2 Beier (65')
All d'Resultater am Iwwerbléck

© Photo by MUSTAFA YALCIN / ANADOLU / Anadolu via AFP
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.