E Mëttwoch den Owend goufen all d'Partië vun den Aachtelsfinallen an der Coupe de Luxembourg gespillt an déi grouss Iwwerraschunge sinn ausbliwwen.

An den Aachtelsfinalle vun der Coupe gouf et direkt dräi Dueller, an deenen zwou Ekippen aus der BGL Ligue openee getraff sinn.

De Racing konnt sech do mat 3:1 géint Rouspert duerchsetzen. Déi éischt zwee Goler vun der Unioun duerch de Mabella a Mazié sinn an den éischte 5 Minutte vun der Partie gefall. Rouspert koum an der 82. Minutt vum Punkt nees op 2:1 bäi, ma knapp 6 Minutte méi spéit huet och de Racing en Eelefmeter kritt an deen och verwandelt. Esou wanne si zum Schluss kloer 3:1.

E bësse méi laang hat Nidderkuer gebraucht, fir 2:0 géint d'Jeunesse a Féierung ze goen. Den Titelverdeedeger war no 14 Minutte duerch Schmid a Corral zwee Goler vir. De Burban huet an der 87. Minutt du fir d'3:0-Schlussresultat gesuergt.

Am drëtten Duell vun zwou Ekippen aus der héchster Klass hunn d'Spectateure méi laang misste waarden, fir Goler ze gesinn. Kuerz virun der Paus hat den Zenadji fir Stroossen markéier. No 57 Minutte huet hien dunn op 2:0 erhéicht, éier den Tibor no enger Stonn nees op 1:2 fir Hueschtert verkierze konnt. Bei deem Resultat ass et dunn awer bliwwen.

E reegelrechte Golfestival gouf et zu Weiler. Nodeem d'Ekipp aus der 1. Divisioun nach eng Kéier op 1:2 géint Péiteng verkierzte konnt, ass d'Partie zum Schluss 7:2 fir d'Ekipp aus der BGL Ligue ausgaangen.

Mat Lëntgen steet dann eng Ekipp aus der zweeter Divisioun an de Véierelsfinallen. Doheem konnt sech d'Minerva mat 2:1 géint Bieles behaapten.

Kanech aus der Éierepromotioun konnt sech an der 94. Minutt an d'Verlängerung retten, nodeem Wolz aus der BGL-Ligue zanter der 9. Minutt 1:0 a Féierung war an de Martas spéit am Match ausgläiche konnt. Knapp siwe Minutte waren an der Nospillzäit gespillt, dunn huet de Gorny d'Wëlzer nees a Féierung bruecht. Dëst Kéier konnt Kanech net méi zeréckkommen a Wolz wënnt no 120 Minutten dës Partie.

An den zwee leschten Dueller huet sech béid Kéieren d'Ekipp aus der BGL-Ligue kloer duerchgesat. Déifferdeng huet Käerjeng 4:0 geklappt an Diddeleng huet 4:1 zu Baastenduerf gewonnen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater