No der Paus wéinst der EM-Qualifikatioun stoung bei den Dammen den drëtte Spilldag vun de Placéierungsmatcher um Programm.

De Championnat vun den Häre mécht wéinst der EM-Campagne géint d’Belsch am Moment eng Paus. Dëse Match kënnt Dir muer um Sonndeg vu 14 Auer u live op RTL.lu suivéieren.

Axa League Dammen

Den HB Diddeleng bleift an dëser Saison ongeschloen. Am Spëtzematch géint den HB Käerjeng stoung et no 60 Minutte 24:21 fir d’Ekipp vum Trainer Mikel Molitor. Déi éischt Hallschent war ausgeglach a Käerjeng louch an der Paus 10:8 vir. Direkt am Ufank vum zweeten Duerchgang huet e 7:1-Laf vun Diddeleng d‘Virentscheedung bruecht (11:15), well sech den HBD sou mat 4-5 Goler ofsetze konnt. Am weidere Verlaf ass Käerjeng keng Léisung géint déi staark Diddelenger Defense agefall an huet och vill technesch Feeler am Ugrëff agebaut. Fënnef Minutte viru Schluss beim Stand vu 24:19 war kloer, dass d’Fiiss d’Punkte mat heem an d’Forge du Sud huele géifen. Käerjeng konnt just nach verkierzen. An der leschter Spillaktioun huet sech d’Käerjengerin Tina Welter blesséiert an huet musse vum Terrain gedroe ginn.

Am zweete Match ass Esch eng kleng Iwwerraschung gelongen. Si hunn d’Red Boys Déifferdeng mat 24:23 heemgeschéckt. No enger ausgeglachener Ufanksphas konnt Esch ab der 15. Minutt d’Féierung iwwerhuelen an huet dës bis zum Schluss net méi ofginn. Déifferdeng huet einfach net zu sengem Match fonnt a louch an der Paus 10:13 hannen. Esch konnt de Virsprong halen an huet virun allem vun den 11 Goler vum Noémie Hoffmann profitéiert. An der 49. Minutt hat d’Lokalekipp souguer siwe Goler Virsprong. Déifferdeng konnt de Match mat engem 4:0-Laf awer nach eng Kéier spannend maachen a koum an der leschter Spillminutt souguer nach eng Kéier bis op ee Gol erun. Dat war awer ze spéit, fir nach e Punkt mat Heem ze huelen.