Liichtathletik-Indoor-WMPatrizia van der Weken iwwer 60m fir d'Halleffinalle qualifizéiert

RTL Lëtzebuerg
Nom Charel Grethen e Freideg ass um Samschdeg mam Patrizia van der Weken den zweete Sportler aus dem Grand-Duché bei der Liichtathletik-Indoor-WM am Asaz.
© JOHN THYS AFP

D’Patrizia van der Weken huet sech e Samschdeg de Moie fréi op der Liichtathletik-Indoor-WM zu Nanjing a China fir d’Halleffinallen iwwer 60 Meter qualifizéiert. D’Lëtzebuergerin ass an hirer Serie ouni ze forcéieren e Chrono vu 7,21 Sekonne gelaf. Domadder ass si déi Zweet ginn, wat déi direkt Qualifikatioun fir déi nächst Ronn bedeit huet.

D’Lëtzebuergerin zielt bei der Indoor-WM zu de Medailekandidatinnen. Hiren nationale Rekord läit zanter der EM bei 7,06 Sekonnen. An Holland hat si sech Bronze geséchert.

D’WM-Halleffinallen iwwer 60 Meter ginn um 13.15 Auer Lëtzebuerger Zäit gelaf. D’Patrizia van der Weken start an der zweeter vun dräi Halleffinallen. Déi zwou éischt Leeferinnen an déi zwou Leeferinne mat de séiersten Zäite qualifizéiere sech fir d’Finall. Dës ass um 14.18 Auer. Op RTL ZWEE an op RTL.lu kënnt Dir d’Finall live suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO