
“Les Bleus” sinn de grousse Favorit a gläichzäiteg och mat 10 Punkten Tabelleleader am Grupp C vun der EM-Qualifikatioun. Den Allersmatch gouf wéinst dem Bus-Accident vun der Lëtzebuerger U21-Nationalekipp net gespillt. Ëm sou méi grouss ass beim Ivan Englaro d’Virfreed op d’Partie géint eis franséisch Noperen.
“Mir ginn alles. Mir hunn op dee Moment gewaart. Den éischte Match konnte mir wéinst dem Accident net spillen. Mee elo si mir prett.”
Déi jonk Rout Léiwe stinn no 5 Spilldeeg mat 4 Punkten op der 5. Plaz an der Tabell. Am November konnt sech d’Ekipp vum Nationaltrainer Mario Mutsch 2:1 op der Escher Grenz géint d’Schwäiz behaapten. Elo kënnt mat Frankräich, deen um Pabeier wuel stäerkste Géigner op d’FLF-Selektioun duer. Eng Ekipp, déi mat ënner anerem dem Leny Yoro vu Manchester United an dem Mathys Tel vun Tottenham Hotspur e puer international bekannt Gesiichter mat dobäi huet. Déi Lëtzebuerger Victoire géint d’Schwäiz gëtt Englaro, Jonathans a Co awer natierlech Confiance.
“Et ass ëmmer eng Freed géint esou Spiller ze spillen. Ech mengen natierlech si si Favorit. Mee bon d’Schwäiz war och Favorit an awer hu mir gewonnen. De Match fänkt bei 0:0 un a mir wäerten alles ginn, fir ze probéieren ee Punkt ze huelen, wann net och ze gewannen.”
D’Partie vun der Lëtzebuerger U21-Nationalekipp an der EM-Qualifikatioun zu Déifferdeng géint Frankräich kënnt Dir en Donneschdeg am Livestream op RTL.lu an op RTL Play live kucken.
Golkipper: Joao ALVES MARGATO (Progrès Nidderkuer), Ermal AZEMI (Stater Racing), Ben SCHMIT (Eintracht Tréier)
Defense: Christophe ANDRADE BRITES (Jeunesse Esch), Clayton IRIGOYEN (FV Illertissen), Aston JOSE DA SILVA DOS PACIENCIA (FC Sevilla), Fabio LOHEI (Eintracht Tréier), Robin MOUTSCHEN (UN Käerjeng 97), Lukas SEVER (UNA Stroossen), Helmer TAVARES (RC Alcobendas), Eliot THELEN (Delfino Pescara)
Mëttelfeld: Rayan BERBERI (Olympic Charleroi), Ivan ENGLARO (F91 Diddeleng), Miguel GONCALVES (FC 08 Homburg), David GONCALVES NASCIMENTO (FC Schalke 04), Roni KLISURICA (Jeunesse Esch), Hugo LUIS AFONSO (Eintracht Braunschweig), Diogo MONTEIRO DE OLIVEIRA (F91 Diddeleng)
Stuerm: Adulai DJABI EMBALO (Virtus Entella), Diego DUARTE (RFC Seraing), Leon ELSHAN (Jeunesse Esch), David JONATHANS (Jeunesse Esch), Arnold QEVANI (Stater Racing)
Golkipper: Ewen JAOUEN (Stade De Reims), Guillaume RESTES (FC Toulouse), Robin RISSER (RC Lens)
Defense: Jeanuël BELOCIAN (AS Monaco), Ismaëlo GANIOU (RC Lens), Saël KUMBEDI (VFL Wolfsburg), Christian MAWISSA (AS Monaco), Nhoa SANGUI (FC Paris), Leny YORO (Manchester United), Nathan ZEZE (NEOM SC)
Mëttelfeld: Valentin ATANGANA (AL-Ahli FC), Ayyoub BOUADDI (LOSC Lille), Jaydee CANVOT (Crystal Palace), Mamadou COULIBALY (AS Monaco), Kévin DANOIS (AJ Auxerre), Lesley UGOCHUKWU (FC Burnley)
Stuerm: Jean-Mattéo BAHOYA (Eintracht Frankfurt), Saimon BOUABRE (Al-Hilal FC), Sidiki CHERIF (Fenerbahce SK), Mamadou DIAKHON (Club Brügge), Junior KROUPI (AFC Bournemouth), Senny MAYULU (Paris Saint Germain), Mathys TEL (Tottenham Hotspur)