D’FLF-Selektioun ass e Mëttwoch am Nomëtteg op Ta‘Qali gereest, fir de Match en Donneschdeg am malteeseschen Nationalstadion unzegoen. Véier Traininge stounge vun e Méindeg bis e Mëttwoch fir d’Nationalspiller um Programm. Dorënner ausnamsweis och nach den Ofschlosstraining hei zu Lëtzebuerg. Dat aus dem einfache Grond, well den Nationaltrainer Jeff Strasser a seng Ekipp an der kuerzer Zäit net ganz vill taktesch schaffe konnten.
Offensiv muss sech d’FLF-Selektioun steigeren. De leschte Lëtzebuerger Gol huet den Aiman Dardari um éischte Spilldag vun der WM-Qualifikatioun Ufank September géint Nordirland geschoss. Defensiv gëllt et dogéint stabil ze stoen. Eng Aufgab, fir déi och den Anthony Moris mat responsabel ass. Den 78-fachen Nationalspiller weess, op wat et géint d’Malteeser ukënnt, déi ënner anerem mam Irvin Cardona vu Saint Etienne aus der zweeter franséischer Divisioun an dem Ilyas Chouaref vum FC Sion aus der éischter Schwäizer Liga rezent offensiv staark Spiller agebiergert hunn.
Ronn 300 Lëtzebuerger Supporter reese mat op Malta, fir d’FLF-Selektioun ze ënnerstëtzen. Datt d’Rout Léiwen d’Retourpartie heiheem spillen, kéint dem Seid Korac no ee Virdeel sinn.
“Kloer, zu 100 %. Ech mengen, datt egal wéi et dohannen ausgeet, datt mir hei d’Kraaft an d’Energie vun de Fans am Réck am Stadion spiere wäerten an natierlech freet eis dat och. Mir kucken op dee Match no vir.”
Malta géint Lëtzebuerg, en Donneschdeg vu 17.45 Auer un um RTL Zwee, um Radio, um RTL Play an op RTL.lu.