Liichtathletik-Indoor-WMPatrizia van der Weken steet an der Finall iwwer 60 Meter

RTL Lëtzebuerg
D'Finall ass um 14.18 eiser Zäit. Op RTL ZWEE an op RTL.lu kënnt Dir d'Finall live suivéieren.

D’Sportlerin vum Joer huet sech op der Liichtathletik-Indoor-WM zu Nanjing a China e Samschdeg de Mëtteg eiser Zäit iwwer 60 Meter fir d’Finall qualifizéiert. An hirer Serie ass d’Patrizia van der Weken e Chrono vu 7.12 gelaf. Mat dëser Zäit huet d’Lëtzebuergerin sech déi 1. Plaz an hirer Serie geséchert. Am Fotofinish huet d’Patrizia van der Weken sech virum Mujinga Kambundji duerchgesat.

D’Finall gëtt e Samschdeg de Mëtteg um 14.18 Auer gelaf a live op RTL iwwerdroen. D’Lëtzebuergerin zielt bei der Indoor-WM zu de Medailekandidatinnen. Hei gräift d’Lëtzebuergerin no Bronze op der EM no hirer nächster Medail.

Souverän an d’Halleffinallen

D’Lëtzebuergerin hat sech e Samschdeg de Moie souverän fir d’Halleffinalle qualifizéiert. Ouni ze forcéiere war si am zweete Virlaf mat engem Chrono vu 7,21 Sekonnen déi Zweet ginn an hat direkt den Ticket fir d’Halleffinalle geléist.

Back to Top
CIM LOGO