Bei den Dammen ass um 18.00 Auer den Tabellendrëtten Amicale Steesel beim Leader zu Diddeleng ze Gaascht, dee bis elo nach kee Match dës Saison verluer huet.
Duerno ginn dann nach déi zwou weider Partië vum 13. Spilldag gespillt. Bei den Hären ass e Samschdeg den Owend ënner anerem um 20.30 Auer den Tabelleleader Etzella beim Schlussliicht zu Conter op Besuch.