D'Rout Léiwe kennen elo all hir Géigner an der Qualifikatioun fir d'WM 2026 an Nordamerika. Nieft Däitschland sinn dat Nordirland an d'Slowakei.

Zënter Dezember 2024 war gewosst, dass d'Rout Léiwen an der Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft 2026 an den USA, Mexiko a Kanada géint Nordirland an d'Slowakei untriede missten. De leschte Géigner huet sech an der Véierelsfinall vun der Nations League tëscht Italien an Däitschland decidéiert. Däitschland hat den Allersmatch an Italien mat 2:1 gewonnen. E Sonndeg den Owend hu si eng 3:0-Féierung aus der Hand ginn, fir um Enn mat 3:3 géint d'Italieener gläichzespillen. Domadder steet Däitschland net nëmmen an den Halleffinalle vun der Nations League, ma komplettéiert och de Grupp A. Sou geet dem Luc Holtz säi Wonsch net an Erfëllung. De Lëtzebuerger Nationaltrainer wier léiwer op Italien getraff.

D'Qualifikatioun start de 4. September géint Nordirland, dräi Deeg méi spéit spillt d'Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp am Stade de Luxembourg géint d'Slowakei. D'Matcher géint Däitschland sinn op den 10. Oktober zu Sinsheim an de 14. November heiheem datéiert.

Als Preparatioun op dës WM-Quali huet d'FLF-Selektioun e Samschdeg géint Schweden gespillt. En Dënschdeg steet e weidere Frëndschaftsmatch an der Schwäiz um Programm. RTL weist Iech dëse Match natierlech nees live.