De PBC Bruch huet op de Pool-Billard-Camp invitéiert
Iwwer fënnef Deeg, vu Moies bis Owes, ware 14 Jugendlecher um Billard-Camp zu Bruch am Asaz.
Zanter 2021 gëtt et de Billardclub zu Bruch. 57 Memberen zielt de Veräin ewell an e wiisst all Joer weider. Aus deem Grond huet de PBC Bruch, fir méi Visibilitéit ze kréien a villäicht deen een oder anere Jugendspiller iwwert dee Wee fir de Pool-Billard ze begeeschteren, op e Camp invitéiert. Esou kruten d'Spiller d'Méiglechkeet, net nëmmen Technik, mee och taktesch ënner d'Äerm gegraff ze kréien.
Et war eng lass am Billardssall zu Bruch. Iwwer fënnef Deeg, vu moies bis owes ware 14 Jugendlecher beim Camp am Asaz. Op den eenzelen Dëscher goufen Atelieren opgestallt, fir deene Jonken déi komplex Technike vum Billard-Sport bäizebréngen. Hëllef krute si dofir vun engem professionellen Trainer aus Slowenien, deen de PBC Brouch invitéiert huet.
De Serge Van Kaufenbergh, President vun der Pool-Billard-Sektioun: "Hie wierkt Wonner, soen ech. Also wann hie fäerdeg ass, dann huet een eng tiptop Technik an et ass genau dat, wat mir wëllen. Mir maachen och eisen Trainerschäin wärend dësem Camp. Mir léiere wierklech vill bäi."
Et ginn e puer Disziplinnen am Pool-Billard. Den 8-Ball, dee jidderee kënnt. Wien als éischten déi schwaarz Bull eraspillt, huet gewonnen. Duerno kënnt den 9-Ball, wou den Zuelen no, déi op de Bulle markéiert sinn, muss ofgeraumt ginn an dann nach den 10-Ball. Bei deem Spill gëtt och den Zuelen no ofgeraumt, awer de Spiller muss usoen, wou d'Bull erageet.
Fir an deenen Disziplinnen ze bestoen, brauch e gudde Billard-Spiller ënnert anerem Technik, Konzentratioun a Prezisioun. Mee net nëmmen. A genee an deem Beräich kënnt de professionelle Pool-Billard-Trainer Mitja Gradišnik an d’Spill, dee vum PBC Brouch fir dëse Camp invitéiert ginn ass.
"Et muss ee clever sinn, well et e Spill ass, wou ee vill iwwerleeë muss an et brauch een eng Strategie. Och mental muss ee staark sinn, well ee Courage brauch an och mat Situatioune muss ëmgoen, déi net klappen an et muss ee léiere mat Néierlagen ëmzegoen, mee virun allem brauch een awer Gedold."
Wann e Billardsport seet, denkt een automatesch un de Fonsy Grethen. Allerdéngs ass dës Sportaart eppes anescht wéi de Pool-Billiard, erkläert de Serge Van Kaufenbergh:
"De Fonsy Grethen ass eng Renommée am Carambol. Mee fir zréckzekomme bei de Pool-Billard, soen ech elo mol, ass eist Zil dat, de Billard als Sport wierklech erëm ze etabléieren. An et ass och esou, mir gesinn et als pedagogesch ganz wäertvoll, well mer einfach soen, d'Kanner sinn net all gemaach fir Fussball, Handball, Basket ze spillen."
De Serge Van Kaufenbergh an seng Ekipp sinn och zefridde mat der Aart a Weis, wéi dëse Camp op d'Bee gestallt ginn ass.
"Wann een da schonn déi Chance huet, datt een esou een Trainer kann heihinner kréien, da soll een net egoistesch sinn, mee da soll ee wierklech soen: komm mir maachen eppes fir d'ganzt Land, mir maachen eppes fir all jonke Spiller, déi wierklech motivéiert sinn, an dofir hu mir och een Ettelbrécker Spiller hei an ee vun Esch. Ech menge jiddereen ass begeeschtert an, ech géif soen, dat heiten ass den éischte Schratt an déi Richtung, wou mer hi wëllen, an zwar datt mer iergendwann och vläicht erëm eng Kéier vun enger Europameeschterschaft erëmkommen an eng Medail matbréngen."