Dräi vun den 11 Sportler, déi zu Turin op de Special Olympics World Winter Games waren, hunn eis an der RTL City hir Erfarungen an Erliefnisser gezielt.

Dräi Gold-, véier Sëlwer- an dräi Bronzemedailen. Dat ass den exzellente Bilan vun der Lëtzebuerger Delegatioun bei de World Winter Games zu Turin fir de Grand-Duché. Dräi vun den am Ganzen 11 Sportler, déi mat op Turin op d'Special Olympics World Winter Games waren, ware bei eis an der RTL City um Kierchbierg am Interview, fir hir Erfarungen an Erliefnisser, déi si vum 7. bis de 16. Mäerz gemaach hunn, ze deelen. Dobäi kommen dann nach eemol 10 Betreier, en Dokter an zwee Delegatiounscheffen, déi d'Ekipp begleet hunn.

RTL

De Sven Didier konnt sech beispillsweis zweemol eng exzellent 4. Plaz an eemol eng 6. Plaz zu Turin a verschiddene Kategorien am Laanglaf sécheren. Hie selwer ass zefridde mat senger Leeschtung a frou, sech 3 Medaile geséchert ze hunn. Wéi de Sportler RTL géigeniwwer am Interview verroden huet, hätt hie vill Freed gehat op de Special Olympics World Winter Games an et hätt een och mol niewent dem Sport aner Aktivitéiten zu Turin ënnerholl: "Ma mir waren eng Kéier iessen owes a mir waren eng Kéier e bësse mam Ierfgroussherzog Turin kucke gaangen." 

RTL

D'Cathia Jacobs dann ass eng Athleetin, déi am Schnéischonglafen op 100 an 200 Meter spezialiséiert ass a konnt sech hei och all Kéier eng Sëlwermedail sécheren. D'Sportlerin huet, genee wéi béid aner Athleeten och, am Virfeld scho vill Erfarunge gesammelt a war zum Beispill schonn op de Weltspiller 2013 a Südkorea an 2017 an Éisträich: "Ech fannen et ëmmer cool, well du begéins ëmmer Leit erëm, déi s de schonn op anere Weltspiller gesinn hues an ech fannen et ëmmer cool, aner Länner kennenzeléieren a mat hinne Pins ze tauschen." Virun allem déi 2. Plaz bei der 200-Meter-Disziplin koum fir d'Cathia Jacobs iwwerraschend, si hätt sech dat sou net erwaart an ass dohier och den Highlight fir si op de Spiller.

RTL

© RTL

Eng weider Athleetin, déi mir bei eis am RTL-Gebai duerfte begréissen, ass d'Schi-Alpin-Expertin Danièle Jankowoy, déi och am stäerkste Grupp matgefuer ass. Hei ass eng 2. respektiv 4. Plaz fir si rausgesprongen, also och hei eng zweiwellos exzellent sportlech Leeschtung fir Lëtzebuerg. Fir d'Danièle Jankowoy war den Héichpunkt vun de Spiller zu Turin ganz kloer déi gutt Stëmmung op der Plaz an den Teamgeescht an der Ekipp: "Et war richteg Stëmmung, ech hatt nach ni esou haart gejaut, dass ech se richteg ugefeiert hunn. Meng aarm Stëmm, déi war richteg futti, ech hat nach ni esou laang, esou vill gebrëllt. Mir ware richteg frou."

De Frank Schintgen, den Adjoint vum Delegatiounschef vun der Ekipp zu Turin, schwätzt vun engem "enorme sportlechen Exploit" vu senge Sportler an Italien. D'Freed, déi ee bei sou engem groussen Event géif bei den Athleete spieren, géif vu "banne kommen a wier onbezuelbar". D'Rees op Turin war dann och extrem gelongen, et gouf sech sou gutt et goung dohannen ëm si gekëmmert. Ma heiansdo muss een sech dann awer mol upassen a flexibel sinn, bei 102 Länner, déi matmaachen, och relativ normal...: "Et war e klenge Splitting vun eiser Ekipp, déi eng louchen zu Cezano, mir louchen zu Cestria mat der Ekipp vum Laanglaf, mee mir hunn dat awer ganz gutt iwwer d'Bün kritt."

Nowuess gëtt iwwregens ëmmer gesicht, esou de Frank Schintgen weider, dat a ronn 14 Disziplinnen, souwuel bei de Wanter-, wéi och bei de Summerspiller. Et bräicht ee sech am Prinzip just bei de Special Olympics Lëtzebuerg ze mellen.