E Sonndeg hat de Lëtzebuerger Golkipp Tiago Pereira am Gol vu Borussia Mönchengladbach säi véierten Asaz an der éischter däitscher Bundesliga.

Och wann hie beim 1:1 zu St. Pauli säin éischte Géigegol huet mussen a Kaf huelen, war et ee ganz gudde Match vum jonke Lëtzebuerger. Déi renomméiert Sportzeitung Kicker huet de Pereira an déi sougenannten "Elf des Tages" vum 28. Spilldag gesat. Den Tiago Pereira gëtt e Méindeg iwweregens 19 Joer al.