Sébastien Chabal ka sech net u seng Matcher erënneren
De fréiere franséische Star vum Rugby huet eegenen Aussoen no "guer keng Erënnerungen" un d'Matcher aus senger Karriär.
"Ech hu guer keng Erënnerung un eng eenzeg Sekonn vun engem Rugbymatch, deen ech gespillt hunn", seet den haut 47 Joer ale fréieren Ex-Profi, deen ëmmerhin 62 Mol fir déi franséisch Nationalekipp opgelaf ass, an engem Interview um Youtube-Channel "Legend".
Op Nofro, ob hie da mat engem Neurolog geschwat huet, äntwert de Sébastien Chabal: "Wisou dann, d'Erënnerunge komme jo dowéinst net zeréck". Hien erwäänt och net eng Kéier d'Wuert "Commotion", also Gehiererschütterung, gëtt awer zou, datt hie sech och net un d'Gebuert vu sengem Meedchen erënnere kann.
An England gi verschidde Spiller en anere Wee an hunn eng Plainte géint déi international Rugysfederatioun a géint déi brittesch wéi walisesch Federatioun gemaach. Ganz vir dobäi de Steve Thompson, deen 2003 mat England Weltmeeschter gouf, an de fréiere walisesche Star Alix Popham. Béid leiden un Demenz, déi wuel op méi Gehiererschütterunge zeréckzeféieren ass.
Ganz änlech wéi vill aner Kontaktsportaarten, vun American Football iwwer Futtball, Äishockey bis bei Kampfsportaarten, kënnt et beim Rugby ëmmer nees zu engem Trauma vum Gehier duerch hefteg Zesummestéiss an Etüde weisen, datt dës ganz dacks en Ausléiser fir Demenz oder Verloscht vu Memoire kënne sinn.