Compound-Bouschéisse gëtt olympesch - Lëtzebuerg mat gudde Chancen

D'Mariya Klein-Shkolna ass dëse Summer bei de World Games a China mat dobäi. / © COSL via Facebook (Archiv)
Compound, net-olympesche Bou, gëtt zu Los Angeles 2028 olympesch am Mixte-Team.
Lëtzebuerg huet am Fall vun enger Qualifikatioun vu Mariya Klein-Shkolna a Gilles Seywert esouguer Medailechancen.
Den Internationalen Olympesche Comité huet eng Rei zousätzlech Disziplinnen annoncéiert, déi an dräi Joer op den Olympesche Summerspiller zu Los Angeles op de Programm geholl ginn. Aus Lëtzebuerger Siicht ass do ganz interessant, datt am Bouschéissen de Compound, de sougenannten "Net-olympesche Bou" an der Mixed-Competitioun virgesinn ass. D'Mariya Klein-Shkolna an de Gilles Seywert harmonéieren do jo op Weltniveau zesummen. Beim Gilles Seywert war d'Iwwerraschung an d'Freed no där Annonce natierlech grouss:
"Vu guer net olympesch op dann am Mixte-Team olympesch. Dat ass schonn enorm a mega. An natierlech och fir eis, well mir si jo elo net grad déi Schlechsten. Ech menge mir sinn Top Ten am Moment nach ëmmer op der Weltranglëscht am Mixte-Team gefouert. Natierlech ass et e mega Motivatiounsschub fir hatt, wierklech alles ze ginn. A fir mech ass et natierlech net aneschters. Also vun dohier wäert dat eppes ginn, wat duerchaus machbar kéint sinn, fir eng Participatioun ze erreechen. An ech ginn elo mol einfach souwäit, dass ech soen, wa mer sou géife schéissen, wéi zu Berlin op der Weltmeeschterschaft, da behaapten ech souguer, dass eng Medail do duerchaus machbar wär."
Virun zwee Joer ass d'Koppel Mariya Klein-Shkolna - Gilles Seywert mat enger Bronzemedail vun der Weltmeeschterschaft aus der däitscher Haaptstad nees Heem komm. Fir d'éischt geet et awer elo mol fir d'Lëtzebuerger drëms, eng Quoteplaz fir Olympia 2028 zu Los Angeles ze kréien, wann d'Qualifikatiounsphas ufänkt.