Käerjeng huet seng Halleffinall 27:19 géint de Chev Dikrech gewonnen. Den HB Diddeleng hat beim 28:19 géint de Museldall keng Problemer.

Resumé Coupe am Handball Dammen / Reportage Gilles Tricca

No den Halleffinalle vun den Hären um Donneschdeg stoungen um Freideg d'Matcher vun de Fraen um Plang. Fir d'Damme war et den éischten offizielle Match no iwwer engem Mount Paus. A béide Partien huet sech de Favorit duerchgesat. Den HB Käerjeng steet no enger souveräner 27:19-Victoire géint de Chev Dikrech an der Finall. De Géigner heescht do HB Diddeleng. D'Fiiss konnte sech och souverän mat 28:19 géint den HB Museldall duerchsetzen.

Chev Dikrech - HB Käerjeng 19:27

Bei Käerjeng war d'Tina Welter ugeschloen a gouf iwwer wäit Deeler vum Match geschount. D'eemoleg Kapitänin vun der Lëtzebuerger Nationalekipp koum déi lescht Véierelstonn an den Asaz.

Käerjeng war mat héijem Tempo an de Match gaangen an Dikrech hat seng Problemer, fir domat kloerzekommen. Virun allem d'Jenny Zuk war gutt an den éischte Minutte gutt opgeluecht an huet véier vun den éischte 6 Goler geschoss. Um Enn koum d'Nationalspillerin op 7 Goler. De Chev huet sech lues a lues an de Match gekämpft a war an der 20. Minutt nees op 2 Goler drun, well sech déi Gréng ze vill Feeler geleescht hunn a virum Gol ze onkonzentréiert waren. Bis an d'Paus (13:12 fir Käerjeng) huet sech e spannende Match entwéckelt an et hat ee gehofft, dass et nom Säitewiessel sou weidergoe géif. Dat sollt awer net de Fall sinn.

Well den Dikrecher tëscht der 30. an der 40. Minutt just ee Gol gelongen ass, konnt Käerjeng de Virsprong vu +1 op +6 setzen. Opgrond vun der klorer Féierung huet den Trainer Dan Mauruschatt kräfteg duerchgewiesselt an all senge Spillerinne Spillpraxis ginn. Och d'Nicky Schilt gouf wéinst dem grousse Lazarett bei Käerjeng aus der Handballrent geholl a krut e bësse Spillzäit. Trotz dem klore Resultat bleift ze bemierken, dass sech béid Ekippe vill technesch Feeler geleescht hunn.

D'Käerjengerin Lena Kirtz gouf wéinst 8 Goler an enger staarker Leeschtung zum MVP vum Match gewielt. Déi Gréng reiden domat weider op enger Erfollegswell a wëllen e Sonndeg déi éischt Coupe zënter 2022 mat heem huelen.

HB Diddeleng – HB Museldall 28:19

Dem HB Museldall stoung mat der Valerie Mackel, déi sech vun enger Blessur erhuele muss, eng wichteg Stäip net zur Verfügung. Och d’Diddelengerinne mussen zënter Wochen op hir Nummer 1 am Gol Pauline Leythienne verzichten.

Bei Diddeleng ass et déi éischt Minutten net ronn gelaf. Si hunn 9 Minutte gebraucht, fir den éischte Gol ze markéieren. Wärenddeem hat de Museldall awer och just 2 Goler opweises. De Museldall-Trainer Jeff Paulus hat sengen Dammen e klore Spillplang mat op de Wee ginn, dee si am Ufank och duerchgezu kruten.

Well den Diddelenger Motor net richteg un d’Rulle koum, huet d’Kim Wirtz no 14 Minutten d’Regie am Réckraum iwwerholl, wat direkt Wierkung gewisen huet. Stoung et no 10 Minutten nach 2:2, konnt Diddeleng mat engem 7:1-Laf bannent 10 Minutten op 9:3 stellen. D’Maacher Dammen hunn d’Wirtz an d’Ninon Bolle doropshin op Manndeckung geholl, mee och dat huet näischt bruecht. Bis an d’Paus konnt sech den HBD op 14:7 ofsetzen.

Wien erwaart hat, dass de Museldall an der Paus de Reset-Knäppche fanne géif, gouf leider enttäuscht. Den Tank war no 40 Minutten eidel a sou konnt den Diddelenger Trainer Mikel Molitor seng Haaptleit fir d’Finall schounen a kräfteg duerchwiesselen. Dat huet och dozou geféiert, dass de Spillfloss op béide Säite verluer goung. D‘Fiona Carrara, dat zënter Mäerz op der Musel spillt, huet hiren Ex-Matspillerinne géint Enn vum Match och nach 2 Goler ageschenkt.

Den héchste Virsprong vun Diddeleng louch bei +11 a bal jidder vun de 16 Spillerinne konnt op d’mannst ee Gol markéieren. Als MVP vum Match gouf d’Diddelenger Golkippesch Barbara Fangueiro ausgezeechent.

D’Diddelenger Damme wëllen an der Finall den Triplé perfekt maachen an den drëtte Coupegewënn hannertenee feieren. Den HBD ass den eenzege Veräin, dee souwuel mat den Häre wéi mat den Dammen an der Coupefinall steet.

Den Iwwerbléck vun de Resultater