E Samschdeg ass am nationale Volleyball den Optakt vun de Finallen an de Championnater vun den Dammen an den Hären.

Dammen

Bei den Dammen huet sech de VC Mamer am éischten Duell vun der Finall-Serie, déi am Best-of-Three-Modus gespillt gëtt, mat 3:1 (25:18, 19:25, 25:15, 25:16) géint den RSR Walfer behaapt.

Weider geet et mat der zweeter Finall e Samschdeg den 3. Mee um 20.00 Auer, wou de VC Mamer sech mat enger weiderer Victoire de Championstitel séchere kéint.

Hären

Bei den Hären ass déi éischt Finall e Samschdeg den Owend mat enger klorer 3:0-Victoire (27:25, 25:16, 25:23) fir Stroossen géint Bartreng op en Enn gaangen. Dobäi war virun allem den éischte Saz mat engem Score vu 27:25 immens enk an och am drëtte Saz war de Volley Bartreng eng Zäit laang vir, ma zum Schluss sollten d'Stroossener awer d'Iwwerhand behalen.

Déi zweet Finall gëtt den nächste Samschdeg um 17.30 Auer zu Stroossen gespillt.