Den HBD setzt sech an enger u Spannung net ze iwwerbiddender Finall 20:19 géint Käerjeng duerch. Et ass déi 16. Coupe fir Diddeleng.

An enger haart emkämpfter Finall setzt sech den HB Diddeleng in extremis 20:19 géint den HB Käerjeng duerch. An der Paus louchen déi Käerjengerinnen nach mat 11:8 a Féierung.

Reaktioun vum Barbara Fangueiro

D'Käerjengerin Tina Welter huet um Bord vun der Finall matgedeelt, dass si warscheinlech no der Saison mat hirer Karriär ophale wäert.

HB Diddeleng - HB Käerjeng 20:19

Dësen Duell gouf et an de leschte 5 Joer 3 Mol an enger Finall (2023, 2022, 2021), e Sonndeg war déi 4. Oplag. Just Déifferdeng konnt dëse Bann 2024 briechen. Et war och en Trainerduell tëscht de Jugendfrënn Mikel Molitor op Diddelenger an dem Dan Mauruschatt op Käerjenger Säit.

Béid Formatiounen haten en holperege Start an de Match mat villen technesche Feeler. Käerjeng huet am Ufank méi present gewierkt ass, duerno awer an e Lach gefall a konnt vun der 7. bis an d'17. Minutt kee Gol markéieren. D'Barbara Fangueiro huet an deene Minutten nees hiert Talent ënner Beweis gestallt. Si war och e Facteur dofir, dass Diddeleng vun der 8. Minutt u besser an de Match koum. Och e Wiessel am Réckraum huet kuerzzäiteg méi Struktur an den Diddelenger Ugrëff bruecht.

Duerno huet sech dat selwecht Bild op der anerer Säit gewisen. Den Diddelenger Motor ass net méi richteg gelaf an am Ugrëff huet een ze séier an ze onplacéiert ofgeschloss, sou konnt sech d'Zorana Jurcevic am Käerjenger Gol e puermol auszeechnen. Si stoung no 30 Minutte bei 7 Paraden, hir Géigeniwwer Barbara Fangueiro bei 9.

D'Parade vun der Jurcevic hunn hir Ekipp am Match gehalen a sou konnt d'Lena Kirtz de Bann vun 10 Minutten ouni Gol fir Käerjeng (7.-17.) briechen. Duerno koumen déi Gréng an de Flow an hunn aus engem 3:5 e 6:5 gemaach, sou dass den Trainer Mikel Molitor zu engem Timeout gezwonge war. Mee och duerno ass de Käerjenger Laf weidergaangen a si konnte sech 9:5 ofsetzen. Diddeleng blouf souguer 12 Minutten ouni Gol (13.-25.). Schlecht Passen, Onkonzentréiertheeten an eng gutt Käerjenger Defense hunn den Ausschlag ginn. An der Paus stoung et 11:8 fir Käerjeng.

Diddeleng hat och nom Säitewiessel Krämpes, sech géint eng staark Käerjenger Defense duerchzesetzen. Weiderhi gouf et ongewinnt vill technesch Feeler op der Säit vun de Fiiss, dobäi koumen nach onglécklech an onplacéiert Schëss vun de soss sou séchere Kim an Joy Wirtz.

Well awer och Käerjeng am Ugrëff net getraff huet an nees 13 Minutten ouni Gol blouf, konnt Diddeleng an der 45. Minutt ausgläichen (12:12). Duerno huet sech e scho spannende Match an e Krimi entwéckelt. Béid Zuschauergruppen hunn hir Ekippe bis zum Schluss ugefeiert.

Et waren nees d'Golkippeschen, déi am Fokus stoungen an dem Match hire Stempel opgedréckt hunn. D'Zorana Jurcevic huet 11 Parade gesammelt an d'Barbara Fangueiro, déi och MVP gouf, konnt 18 Bäll paréieren. Wéi d'Lara Steffen an der 57. Minutt Diddeleng 2 Goler an Avantage geschoss huet an d'Tea Gajic kuerz drop um Potto hänke blouf, war dat d'Virentscheedung.

Fir d'Diddelenger Dammen ass et déi 16. Coupe an den drëtte Coupegewënn hannerteneen. Tëscht 2013 an 2016 haten d'Fiiss d'Konschtstéck fäerdegbruecht, d'Coupe véier Mol hannerteneen an d'Forge du Sud ze huelen. Sou gouf et awer nach en Happy End fir den HBD, dee souwuel mat den Damme wéi den Hären an der Finall stoung. D'Hären haten e Samschdeg géint Bierchem de Kierzere gezunn.

Den Iwwerbléck vun de Resultater