E Samschdeg huet den Dän Marcus Sander déi 4. Etapp vun der Flèche du Sud gewonnen. Den Dän huet sech zu Stengefort am Sprint behaapt. Seng drëtten Etappevictoire huet de Matthew Brennan verpasst. D'Formatioun Visma | Lease a Bike ronderëm de Sprinter war kuerz virun der Arrivée falsch ofgebéit, sou datt de Britt net an de Sprint mat agräife konnt. Dëse Feeler hat awer keng Auswierkungen op de General. Hei bleift de Matisse van Kerckhove a Féierung.
Beschte Lëtzebuerger um Samschdeg war de Mats Wenzel als 5.. Am General ass de Lëtzebuerger weiderhin den 2. op fënnef Sekonnen.
No de Strapaze vun der Kinneksetapp ronderëm Buerschent huet de Peloton et e Samschdeg méi gemitterlech ugoe gelooss. Eng Echappée vu 4 Coureure konnt sech fréi ofsetzen, d'Chancen, bis op d'Arrivée duerchzekommen, waren awer kleng. Ze vill Ekippen haten Interessi drun, fir d'Etapp ze gewannen. Um Schlusscircuit goufen dräi Ronne ronderëm Stengefort gefuer. A wéi d'Echappée bis agefaange war, koumen ëmmer nees Acceleratiounen aus dem Peloton. Ouni dass sech ee sou richteg konnt ofsetzen. An de Koppe gouf de Peloton all Tour wuel deziméiert, um Enn sollt et awer zum Sprint kommen. Hei hat jidderee mat enger 3. Victoire vum Matthew Brennan gerechent. Eng ronn 400 Meter virun der Arrivée waren d'Coureure vu Visma | Lease a Bike awer falsch ofgebéit. Der hollännescher Formatioun no, well e Streckeposten hinnen dat esou ugewisen hätt. Sou konnt den Dän Marcus Sander d'Etapp am Spint gewannen. De Mats Wenzel ass op déi 5. Plaz komm. Och den Arno Wallenborn war mat an deenen éischte Positiounen.
Datt Visma | Lease a Bike falsch ofgebéit war, hat um Enn keng Auswierkungen op d'Generalklassement. Deemno bleift de Matisse van Kerckhove a Féierung, de Mats Wenzel ass den 2. op fënnef Sekonnen an den Arno Wallenborn läit op der 4. Plaz och op fënnef Sekonnen.
E Sonndeg geet et dann zu Esch op déi lescht a mat 168 Kilometer längesten Etapp.
1. Matisse van Kerckhove 09:45:02
2. Mats Wenzel 0:05
3. Anton Schiffer ‘‘
4. Arno Wallenborn ‘‘
...
35. Noé Ury 2:34
37. Loïc Bettendorf 2:34
38. Alexandre Kess 3:12
57. Mil Morang 11:51
59. Yannis Lang 11:51
62. Lennox Papi 11:51
71. Flavio Astolfi 13:06
91. Charel Meyers 21:18
101. Alex Kerrens 23:42
106. Pol Breser 29:27