Gutt Resultater vum Yannis a Loris vum Team Weyland & Sons

Den 1. Mee war den éischte Laf vun der "Junior Dragster Internationals"-Meeschterschaft zu Zerbst an Däitschland.
Mat um Depart waren de Yannis an de Loris vum Team Weyland & Sons. No engem gudde Qualifying hate sech de Yannis op der zweeter Plaz an de Loris op der fënnefter Plaz positionéiert fir an d'Eliminatiounsleef am Nomëtteg.
Nodeems allen zwee hiren éischte Laf bestanen haten, koum et dann zum Kampf tëscht deenen zwee Bridder am nächsten Eliminatiounskampf. Dës Kéier hat de Yannis d’Nues ganz knapp vir.
Och déi nächst Course war kee Problem, esou dass d'Final ustoung. E ganz spannende Kampf mat änleche Reaktiouns- a Gesamtzäite konnt de Yannis dunn och fir sech entscheeden an domat déi éischt Manche fir sech entscheeden.
Deen nächste Rendez-vous ass dann an 2 Wochen a Frankräich zu Clastres. Do geet et dann och ëm déi éischt Punkte fir déi franséisch an däitsch Meeschterschaft.