Lëtzebuerg ouni Chance géint d'Tschechesch Republik
D'Lëtzebuerger Handball-Nationalekipp vun den Hären huet e Mëttwoch den Owend am Gymnase vun der Coque géint d'Tschechesch Republik gespillt.
No 60 Minutte gouf et eng kloer Néierlag fir d'Lëtzebuerger Handball-Nationalekipp vun den Hären. Am fënnefte Match vun der 2. Phas vun der EM-Qualifikatioun huet ee mat 22:35 géint d'Tschechesch Republik verluer. Domadder steet am Grupp 5 fest, datt sech nieft Kroatien och d'Tschechesch Republik fir d'Europameeschterschaft qualifizéiert huet.
D'FLH-Formatioun hat e Mëttwoch den Owend keng Chance géint d'Nummer 17 an Europa. Nodeems déi éischt Minutten nach equilibréiert waren, konnt d'Tschechesch Republik sech vun der 10. Minutt un eng Avance erausspillen. Op Lëtzebuerger Säit huet et am Ugrëff un der néideger Reussite gefeelt an et huet ee sech och schwéier gedoen, fir géint d'Attacke vun den Tschechen unzekommen. An der Ufanksphas ass och nach eng Verletzung vum Felix Werdel dobäi komm, deen de Lëtzebuerger dunn net méi hëllefe konnt. An der Paus louchen d'Lëtzebuerger mat 8:19 hannen.
Och no der Paus ass et der Lëtzebuerger Formatioun net gelongen, fir nach emol un de Géigner erunzekommen. D'Tschechesch Republik konnt d'Lëtzebuerger op Distanz halen, sou datt den Ecart maximal op néng Goler erofgaangen ass. Um Enn gouf et eng kloer 22:35-Defaite fir Lëtzebuerg.
Op Lëtzebuerger Säit huet de Raphael Guden mat 7 Goler am beschte getraff.
E Sonndeg spillt d'FLH-Formatioun hire leschte Match an dëser EM-Qualifikatiounscampagne. Géigner ass auswäerts de Vize-Weltmeeschter Kroatien.