Déi regulär Saison am nationale Futtball ass eriwwer. Fir 20 Ekippe stinn elo nach d'Barragematcher um Programm.

An dës zéien all Joer ëmmer nees vill Spectateuren op d'Futtballterrainen, dat well et een eenzege Match ass, deen iwwer Opstig, Ofstig oder Maintien decidéiert. Et ginn ëmmer nees spektakulär Matcher, déi d'Zukunft vum jeeweilege Veräin beaflossen, esou datt och ëmmer vill Emotioune mat am Spill sinn. Dofir hu mir déi 10 Barragematcher fir Iech ënner d'Lupp geholl.

SC Beetebuerg (BGL Ligue) - FC Atert Biissen (Éierepromotioun)

RTL

© Val Wagner - rtl.lu

Wéini a wou? Donneschdeg, 29. Mee um 19.00 Auer zu Käerjeng um Dribbel

Bilanz vun der Saison - SC Beetebuerg: Plaz 14 an der BGL Ligue fir den Opsteiger vun zejoert mat 23 Punkten (7 Victoiren, 2 Remisen, 21 Defaiten)

Bilanz vun der Saison - FC Atert Biissen: Plaz 3 an der Éierepromotioun fir den Opsteiger vun zejoert mat 59 Punkten (17 Victoiren, 8 Remisen, 5 Defaiten)

FC Wolz 71 (BGL Ligue) - FC Jeunesse Kanech (Éierepromotioun)

RTL

© Val Wagner - rtl.lu

Wéini a wou? Sonndeg, 1. Juni um 19.00 Auer zu Ettelbréck am Däich

Bilanz vun der Saison - FC Wolz 71: Plaz 13 an der BGL Ligue mat 29 Punkten (8 Victoiren, 5 Remisen, 17 Néierlagen)

Bilanz vun der Saison - FC Jeunesse Kanech: Plaz 4 an der Éierepromotioun mat 49 Punkten (15 Victoiren, 4 Remisen, 11 Néierlagen)

FC Koeppchen (Éierepromotioun) - FC Sporting Mäerzeg (1. Divisioun, 1. Bezierk)

Wéini a wou? Samschdeg, 31. Mee um 18.00 Auer zu Luerenzweiler

Bilanz vun der Saison - FC Koeppchen: Plaz 14 an der Éierepromotioun mat 30 Punkten (6 Victoiren, 12 Remisen, 12 Néierlagen)

Bilanz vun der Saison - FC Sporting Mäerzeg: Plaz 2 an der 1. Divisioun 1. Bezierk mat 63 Punkten (19 Victoiren, 6 Remisen, 5 Néierlagen)

FC Schëffleng 95 (Éierepromotioun) - FC Syra Menster (1. Divisioun, 2. Bezierk)

Wéini a wou? Méindeg, 2. Juni um 19.30 Auer zu Munneref um Stade John Grün (d'Partie kann nach verluecht ginn)

Bilanz vun der Saison - FC Schëffleng 95: Plaz 13 an der Éierepromotioun fir den Ofsteiger vun zejoert mat 35 Punkten (10 Victoiren, 5 Remisen, 15 Néierlagen)

Bilanz vun der Saison - FC Syra Menster: Plaz 2 an der 1. Divisioun 2. Bezierk mat 63 Punkten (20 Victoiren, 3 Remisen, 7 Néierlagen)

Red Black (1. Divisioun, 2. Bezierk) - FC Sporting Bartreng (2. Divisioun, 2. Bezierk)

Wéini a wou? Sonndeg, 1. Juni um 16.00 Auer zu Stroossen um Complexe Sportif Jean Wirtz

Bilanz vun der Saison - Red Black: Plaz 13 an der 1. Divisioun 2. Bezierk mat 30 Punkten (9 Victoiren, 3 Remisen, 18 Néierlagen)

Bilanz vun der Saison - FC Sporting Bartreng : Plaz 3 an der 2. Divisioun 2. Bezierk mat 45 Punkten (13 Victoiren, 6 Remisen, 7 Néierlagen)

Alliance Äischdall (1.Divisioun, 1. Bezierk) - FC Green Boys 77 Harel-Ischpelt (2. Divisioun, 1. Bezierk)

Wéini a wou? Dënschdeg 3. Juni um 19.30 Auer zu Ell um Terrain 1

Bilanz vun der Saison - Alliance Äischdall: Plaz 14 an der 1. Divisioun 1. Bezierk fir den Opsteiger vun zejoert mat 32 Punkten (10 Victoiren, 2 Remisen, 18 Néierlagen)

Bilanz vun der Saison - FC Green Boys 77: Plaz 3 an der 2. Divisioun 1. Bezierk mat 55 Punkten (17 Victoiren, 4 Remisen, 5 Néierlagen)

FC Éilereng (1. Divisioun, 2. Bezierk) - AS Wëntger (2. Divisioun, 1. Bezierk)

Wéini a wou? Donneschdeg, 5. Juni um 19.30 Auer zu Mäerzeg um Stade Fernand Neumann

Bilanz vun der Saison - FC Éilereng: Plaz 14 an der 1. Divisioun 2. Bezierk fir den Opsteiger vun zejoert mat 25 Punkten (8 Victoiren, 1 Remisen, 21 Néierlagen)

Bilanz vun der Saison - AS Wëntger: Plaz 4 an der 2. Divisioun 1. Bezierk fir den Ofsteiger vun zejoert mat 48 Punkten (15 Victoiren, 3 Remisen, 8 Néierlagen)

FC Ierpeldeng 72 (1. Divisioun, 1. Bezierk) - Union Mäertert Waasserbëlleg (2. Divisioun, 2. Bezierk)

Wéini a wou? Mëttwoch, 4. Juni um 19.30 zu Konsdref am Gruefwee

Bilanz vun der Saison - FC Ierpeldeng 72: Plaz 13 an der 1. Divisioun 1. Bezierk mat 34 Punkten (9 Victoiren, 7 Remisen, 14 Néierlagen)

Bilanz vun der Saison - Union Mäertert-Waasserbëlleg: Plaz 4 an der 2. Divisioun 2. Bezierk mat 44 Punkten (12 Victoiren, 8 Remisen, 6 Néierlagen)

US Reisduerf 47 (2. Divisioun, 1. Bezierk) - FC Claravallis Clierf (3. Divisioun)

Wéini a wou? Donneschdeg, 29. Mee um 16.00 Auer zu Ierpeldeng an der Trell

Bilanz vun der Saison - US Reisduerf 47: Plaz 13 an der 2. Divisioun 1. Bezierk mat 19 Punkten (4 Victoiren, 7 Remisen, 15 Néierlagen)

Bilanz vun der Saison - FC Claravallis Clierf: Plaz 5* an der 3. Divisioun mat 37 Punkten (11 Victoiren, 4 Remisen, 9 Néierlagen)

*D'Clierf ass wéinst der Fusioun vun FC Red Black Pafendall an AS Lëtzebuerg an de Barrage gerutscht.

FC Näerzeng (2. Divisioun, 2. Bezierk) - FC Biekerech (3. Divisioun)

Wéini a wou? Samschdeg, 31. Mee um 15.00 Auer zu Käerch um Deckebierg

Bilanz vun der Saison - FC Näerzeng: Plaz 13 an der 2. Divisioun 2. Bezierk mat 18 Punkten (5 Victoiren, 3 Remisen, 18 Néierlagen)

Bilanz vun der Saison - FC Biekerech: Plaz 4 an der 3. Divisioun fir den Ofsteiger vun zejoert mat 37 Punkten (12 Victoiren, 1 Remis, 11 Néierlagen)

RTL

© Val Wagner - rtl.lu

All d'Matcher am Iwwerbléck