KSC Honnerter-Performance an Joker 86 realiséieren den Doublé

© Fédération Luxembourgeoise des Quilleurs
Och am Sportkeelen sinn elo déi lescht Kompetitiounen am Ekippechampionnat gespillt ginn.
Bei den Häre konnt de KSC Honnerter-Performance mat 16 Punkte Virsprong ob Bieles 2000 hire 37. Championstitel an der Veräinsgeschicht feieren, deelt d'Lëtzebuerger Federatioun vum Sportkeelen mat. Donieft huet d’Ekipp em de Kapitän Berto Bargagna och d’Coupe fir déi 20. Kéier mat Heem geholl. An der Finall konnt de KSC Honnerter-Performance sech géint de KSC Buerschent behaapten.

© Fédération Luxembourgeoise des Quilleurs
Den Joker 86 war bei den Dammen net ze schloen. Fir déi 32. Kéier konnten Dammen de Championstitel feieren a mam Succès an der Coupe den Doublé perfekt gemaach. An der Final huet de Joker 86 der SKC Amicale 98 keng Chance gelooss. Kapitänin Carol Rennié zitt verständlecherweis e positive Bilan.
"No sou vill Training ass eng grouss Freed den Doublé ze realiséieren. Et ass net nëmmen den Training deen zielt, mee och den Teamgeescht. D'Passioun an d'Engagement fir eise Sport huet dofir gesuergt, dass mir dës Resultater konnte realiséieren."