RTL-Informatiounen no soll de Raphael Duarte zesumme mam Horst Steffen vun Elversberg bei den däitschen Éischtligist wiesselen.

Aus der däitscher Futtball Bundesliga ass et d‘Nouvelle, datt den Horst Steffen neien Trainer vu Werder Bremen gëtt. Hie war déi lescht siwe Joer zu Elversberg a koum mat der Ekipp aus dem Saarland bis an d‘Relegatioun fir an déi éischt däitsch Bundesliga. Do gouf et de leschte Méindeg eng batter 1:2-Néierlag a leschter Minutt géint Heidenheim.

De Steffen gëtt Nofollger vum Ole Werner. RTL-Informatiounen no soll och de Co-Trainer Raphael Duarte mat him op Bremen goen. Den 28 Joer jonke Lëtzebuerger ass zanter 2022 um Steffen senger Säit a spillt eng ganz wichteg Roll am Staff vum Cheftrainer.