Dobäi sinn net manner wéi 6 Goler gefall. An der Paus louch de spéidere Gewënner scho mat 3:0 a Féierung. No 90 Minutten heescht et 4:2 fir Bartreng.

Och de Sonndeg gouf fir d'Barragematcher gespillt. Viru 750 Spectateure stounge sech zu Stroossen de Red Black Pafendall aus der 1. Divisioun an de Sporting Bartreng aus der 2. Divisioun géigeniwwer.

Bartreng huet de Match gutt ugefaangen. Si hunn déi éischt 20 Minutten dominéiert a hate vill méi vum Match. An der 5. an an der 13 . Minutt hat de Sporting Bartreng gutt Golchancen. Et war awer an der 22. Minutt wou Bartreng duerch ee Foul-Eelefmeter a Féierung gaangen ass. De Faroukh huet den Eelefmeter verwandelt. Nom 1:0 huet d'Ekipp vum Trainer Sébastien Hoël nach méi Motivatioun kritt an war weiderhi besser an den Dueller. Si hate méi Ballbesëtz an an der 34. Minutt ass den 2:0 fir Bartreng gefall. De Mendes huet sech lenks gutt duerchgesat.  De Belfassi konnt mat engem Kappball no der Flank vum Mendes de Score erhéijen. An der 40. Minutt war  et nees de Mendes deen d'Aktioun lenks ugefaangen huet. Den Durpel konnt de Ball virun de Gol verlängeren. Do stoung den Belfassi goldrichteg fir de Score op 3:0 ze erhéijen.

No der Paus ass de Red Black méi engagéiert aus de Kabinne komm. D'Ekipp vum Pafendall konnt an der 55. Minutt duech de Laugier mat engem schéine Gol verkierzen. De Sporting vu Bartreng huet doduerch awer net gewackelt. An der 84. Minutt huet den Ait El Hocine op 4:1 erhéicht. Bartreng huet déi lescht Minutte misse mat 10 Spiller auskommen. De Kevin Hay krut wéinst enger Noutbrems déi rout Kaart. Mat deem Fräistouss konnt de Laugier mat engem gudde Schoss op 2:4 verkierzen. Fir méi ass et net méi duer gaangen.

Bartreng gewënnt de Barragematch a spillt nächst Saison an der 1. Divisioun. De Red Black steigt an déi 2. Divisioun of.

Iwwerbléck vun de Barrage - Matcher