De Weekend geet am Tennis den zweete Grand Slam vun der Saison op en Enn. D'Gewënner dierfe sech iwwer e Präisgeld vun 2,55 Mio. Euro freeën.

D'US-Amerikanerin Coco Gauff huet d'French Open 2025 gewonnen. D'Nummer 2 op der Welt huet sech an dräi Sätz mat 6:7 (5:7), 6:2 a 6:4 géint d'Aryna Sabalenka, d'Nummer 1 op der Welt, behaapt.

Schonn 2022 stoung d'Gauff am Alter vun 18 Joer zu Roland-Garros an der Finall, ma deemools ass et fir d'Victoire net duergaangen. Um Samschdeg huet si et gepackt. Fir d'Gauff ass et deen zweete Grand-Slam-Titel. Si huet och schonn d'US Open gewonnen.

Sabalenka a Gauff hu sech e ganz serréierten éischte Saz geliwwert. D'Nummer 1 op der Welt louch tëschenduerch mat 4:1 a Féierung, ma d'Nummer 2 op der Welt ass zeréckkomm a konnt op 4:4 ausgläichen. No enger Stonn an 18 Minutte konnt sech d'Sabalenka den éischte Saz dunn awer am Tiebreak mat 7:6 (7:5) sécheren.

RTL

© AFP

Den zweete Saz ass du kloer un d'US-Amerikanerin Gauff gaangen. No 35 Minutten huet si dëse mat 6:2 fir sech entscheet.

D'Decisioun ass deemno am drëtte Saz gefall. Beim Stand vun 1:1 huet d'Sabalenka duerch en Duebelfeeler e Break kasséiert an ass géint d'Gauff mat 1:2 a Réckstand geroden. D'Belarussin konnt sech de Break kuerz drop zeréckhuelen an op 3:3 ausgläichen. Duerno huet si awer nach emol hire Service missen ofginn an dësen Avantage huet sech d'Gauff dunn net méi huele gelooss. Si huet sech den drëtten an decisive Saz mat 6:4 geséchert an domadder och d'French Open.

RTL

© AFP

E Sonndeg sti sech um 15 Auer an der Finall vun den Hären den Italiener Jannik Sinner (Nummer 1 op der Welt) an de Spuenier Carlos Alcaraz (Nummer 2 op der Welt) géintiwwer. De Sinner huet bis ewell dräi Grand-Slam-Titelen a senger Karriär gesammelt. D'French Open konnt hie bis ewell net gewannen. Anescht gesäit et beim Alcaraz aus. Hien ass den Titelverdeedeger.