De Luciano Spalletti setzt e Méindeg den Owend awer nach eng leschte Kéier op der Trainerbänk vun der italieenescher Nationalekipp.

Dat huet de 66-järegen e Sonndeg am Virfeld vum WM-Qualifikatiounsmatch Italien géint Moldawien op der Pressekonferenz selwer annoncéiert.

De Präsident vum italieeneschem Verband, Gabriele Gravina, soll laut der Ausso vum Spalletti him matgedeelt hunn, dass seng Entloossung nom Match géint Moldawien e Méindeg den Owend géif fest stoen. D'Kritik um aktuellem Trainer vun der italieenescher Nationalekipp ass dëser Deeg nees mei grouss ginn, dat well een e Freideg op en Neits eng ganz schlecht Leeschtung gewisen huet an ee mat 0:3 géint Norwege verluer huet.

Vun 23 Matcher, an deenen de Luciano Spalletti op der Bänk bei der Squadra Azzurra souz, konnte just 11 Matcher gewonne ginn.

E Nofolger steet nach net fest.