FLF entschëllegt sech, dass wärend Match Banneren erofgeholl goufen

© Screenshot RTL
An engem Communiqué schreift d'FLF, datt se sech entschëllegt, datt wärend dem Match géint Slowenien Banderolle am Stade de Luxembourg erof geholl goufen.
Et wier zu enger, wéi d‘FLF schreift, regrettabeler Kommunikatiounspann tëscht dem General Sekretär vun der Federatioun an de Responsabele vun der Securitéit am Stadion komm.
D'FLF ënnersträicht , datt et keng Consigne vum Verwaltungsrot gouf, fir alleguer d'Messagen ewech ze huelen.
Dat wier ni d'Philosophie vun der FLF gewiescht an et wäert se och net ginn, heescht et am Schreiwes.
Den Dialog, d'Nolauschteren an d'Transparenz géife fundamental Wäerter vun der Federatioun bleiwen.
D‘FLF entschëllegt sech bei alle Persounen déi betraff waren duerch dës Aktioun. De Verwaltungsrot géif déi néideg Lektiounen zéien, fir datt esou Incidenten sech net méi widderhuelen. Anengems hofft d'FLF datt iwwermuer vill Supporter de Match géint Irland kucke ginn.
Weider schreift d‘FLF och nach, datt se Versteesdemech huet fir d‘Sensibilitéiten, déi d‘Nominatioun vum Gerson Rodrigues mat sech gezunn huet.
Et hätt een déi Decisioun awer am Respekt vum legalen rechtlechen a sportlechem Kader geholl.
Communiqué de presse vun der FLF